Et kann ee sécher sinn, datt se him opfale giff, déi wäiß Schrëft op Glas. An och d’Installatioun giff hien kritesch gesinn: nieft der N1, ausgangs Nidderanven, dräi Beem, Hecken, Steng, heiansdo Blummen a kitscheg privat Engelen. An eben déi Gedenktafel, wäiß Nimm op duerchsichtegem Support. Do ass säin Numm den 10. op der Lëscht vun 20. Zwanzech Doudeger. De 6. November 2002, 9 Auer 52, Luxair Flight 9642.
An der Redactioun vum SWR zu Tréier, wou ech geschafft hunn, huet op eemol ee gesot: Fligeraccident zu Lëtzebuerg, séier een dohinner, mir brauchen e Reporter op der Platz. Ech hat Déngscht a si lass. Ech si séier gewuer ginn, wou et genee wier: a menger Gemeng. Ech war schëtzeg do, mä net séier op der Plaz. Nervös Reporter sutzen all zesummen am Restaurant zu Nidderanven an hu misse warden. Dun houscht et: mir furen mat Ierch dohinner. An du si mer all a Mini-Busse gesat ginn a sinn gejabelt, iwwer eng schmuel Strooß, enk, holpereg. Ech duecht, mir kéime ni un, waren och an déi falsch Directioun ënnerwee. Well mir si lanscht d’Platz vum Accident gefuer an ëmmer weider an erréischt zu Mensder si mer zwee Mol lénks ofgebéit an et goung zereck op der N1 an Directioun Nidderanven. An du ware mer do an hunn dierfe vu weitem kucken: de Wrack vun der Fokker, déi mat der breeder Nues an Directioun Bësch luch, iwwerall nach Pompjeeën an och schonn Zivilisten, déi analyséiert hunn. A nieft mer stung een, dee sot, déi zerbëlste Propelleren sti komesch, net normal fir e Fligger, dee fléie soll. Spéider erréischt – an de Rapportën an am Prozess - koumen duerfir d’Fachwieder, ground idle, Schubumkehr an dees méi. Mir Reporter hu gekuckt, schockéiert vum schwaarze, verbrannte Fliger, vum ville Wäiß am Feld, de Läschschaum. A sinn zereckgefur ginn, erem an de Restaurant, wou mer hunn dierfe schaffen, mat de Redactiounen telefonéieren, live um Sender. An herno, de Wee hu mer elo jo kannt, nach eng Kéier dohinner. Wou entretemps de Premier Juncker och war, improviséiert Pressekonferenz. Op der gesparter N1, dovir tëschent den Hecken, an der improviséierter Morgue, do hätt hien Saache gesinn, déi e wuel besser net gesinn hätt. Sot hien. En Interview fir den däitsche Radio wollt hien net ginn, Schock, Merci an Äddi.
De Numm Majerus ass net gefall, natierlech net, kee Numm ass genannt ginn. Dat koum alles vill méi spéit. Joere méi spéit
erréischt, um Velo, hunn ech verstan, op wéi enger Streck se eis mam Minibus vu Nidderanven op Mensder bei d’Fokker gefuer haten: dat war iwwer de Kiem gaang. Iwwer d’ Réimerstrooß Reims-Tréier, iwwer meng rue des Romains – ech si vum Sénnengerbierg – bei den Accident vum Vol Berlin-Findel. Très petite histoire, Niewesaach, an der Rei; mä esou hunn ech de Michel Majerus kennegeléiert, verpasst.
Ech hat virdrun nach ni eppes héieren vun him. Jonke lëtzebuerger Moler vu Berlin, houscht et, herno. Ech hunn no a no e puer Biller vun him dorëmmer gesinn, säi Stil erëmerkannt. Zum Beispill eng Kéier am Staatsministère, am Büro vum neie Premier Xavier Bettel. Do – entretemps 2013 ff – hung e Bild vum Majerus. Aus e puer Meter Distanz huet dat Bild farweg a gutt gelaunt ausgesinn, ech mengen, de Super Mario mat senger rouder Mutz war mat drop, vill Coloris, vill Surface, huet bei de Xavier gepasst. Tiens, duecht ech, eng Apropriatioun.
De Kader vun der Ausstellung zu Hamburg giff dem Majerus gefaalen. Bannen am Kunstverein grouß Räim fir seng enorm Tableauxen a baussen eben en urbant Ambiente, dat brummt. Et gesäit een an d’Hafencity, fusch nei, nach e bëssi leblos. Et gesäit een de roude Schrëftzuch „Der Spiegel“ op engem Héichhaus. Et gesäit ee ganz vill Camionsën an Autoen, well lanscht de Kunstverein leeft eng vun de meescht frequentéierten Duerchgangsstroosse vun Hamburg, d’Amsinckstrasse, 9-spuereg, Foußgänger a Velosfuerer hunn et hei schwéier. Et gëtt den Deichtortunnel fir d’Autoëen an der Rondpoint Deichtorplatz an en Duercherneen vu Brécken an Tunnelen. An d’U-Bahn ass drënner. An do ass d’Zuchstréck, déi bei de noen Hauptbahnhof féiert. D’Strooß vum Kunstverein selwer heescht Klosterwall, -wall wéint de fréiere Festungsmaueren, Kloster wéint engem aale Klouschter. Elo hei nëmme keng lëtzebuerger Associatiounen.
Iwwerall Pub a Graffitien, Gespraytes a Geschriwwenes. A Verkéier, Gewulls, Gedäisch. Ech kenne Leit, déi evitéieren et, an dës Géigend ze goen oder ze furen. Big City quoi, vill Betong, vill Stol, quadratisch, praktisch, esou eppes gëtt et net nëmmen zu Berlin.
Bei de Majerus geet een d’Trap erop, erop op den éischte Stack vum Kunstverein Hamburg. An am Trapenhaus op de grouße Fënsteren steet „MAJERUS“, verkéiert, vu riets no lénks ze liesen, schwarz Buchstawen op Glas, grouß, vum Trottoir dobaussen korrekt ze liesen, von dobannen ongeféier esou: SUREJAM. An e Kran vum Chantier op där anerer Strooßesäit geet duerch de Numm. Zwee Mol steet de Numm do an der Trap, eng Kéier mam Kran am Background, eng Kéier mam Ibis, dem Hotel, am Hannergrond. Dat poppegt Spill mat Buchstawen, mat séngem Numm, ënnerstellen ech deem, deen esoudacks mat séngem Numm gespillt huet, dat giff dem Majerus gefalen.
Et ass dat éischt Bild, wat ee gesäit, wann een an d’Ausstellung vum Kunstverein erakënnt. An et geet een direkt emol hannerrécks dervun ewech, fir et ganz ze gesinn, well et ass enorm, 4,80 Meter héich a 7 Meter breet, dat si geschloen 33,6 Meeter-Carré. An et zerfällt an zwou Halschenden, bal an der Mëtt ass et wéi mam Lineal an zwee Deeler getrennt. Lénks uewen e wüste Véierel vum Tableau, e kompletten Duercherneen mat de Computerspill-Figuren aus dem Super-Mario-Land. Do gëtt irjendwéi wuel Course gefuer: et ass en Arrivées-Fuendel ze gesinn wéi bei der Formel-1 an driwwer steet wéi e Message: MARIOKART 64. Dësen Deel vum Tableau ass also eng Zort Zitat vum Computer-Spill, dat de Majerus eng Zäit laang intensiv gedaddelt huet. De Mario selwer kuckt aus dem Bild eraus mat senger rouder Mutz a sengem Schnutz. An do sinn nach zech weider Figuren aus der Mario-Welt, virop direkt nieft dem Mario deem säi Cousin Wario – den Anti-Mario, déi gäizeg Mafia-Karikatur –, do gëtt et och d’Prinzessin Peach, de Gorilla, de Fräsch, den Draach, de Bébé, deen aus engem Autoche flitt. Background ass eng kitscheg Bierglandschaft aus där en aalen Damp-Zuch op eng zoue (!) Barrière duer fiert. An iwwerall Pneuen a Volantsëen, futtis Go-kartsë, déi duerch d’Loft fléien, jee, en enormen Accident, dee mat de Comic-Spriechblosen thematiséiert gëtt: CLASH! steet do a giele Buchstawen a SCRATCH! Et kéint och Rumps! a Klaak! do stoen, de béise Schluss vun deem, wat se race-games nennen. Opfälleg: vum Mario ass nëmmen de Kapp ze gesinn, mat groußen erféierten Aaën. An duerch dem Mario sei Kierper geet eng wäiss Flaatsch, dohinner gepucht wéi aus dem Faarweemer, an am Wäiß sinn erem Faarwstrécher, gréng a rosa a brong, eng grouß Wonn, déi sech vun ënnen duerch dee montere ComputerComic-Accident zitt. A nawell brutal ausgesäit. Am Joer 2001 huet de Michel Majerus dat gemolt, ee Joer viru sengem Dout.
Mä eriwwer bei de rietse Véierel vum Bild. Wou dat lénkst opgereegt, knättscheg an accidentéiert ass, do ass dat lénkst total langweileg. Et gesäit een eng Comic-Këppelchen, déi zwee kucke mat grouße Guckelcher engem Güterzuch no, deen eng rout Këscht transportéiert. Am Hannergronn fënnëf Containeren. A fir datt jiddereen dat versteet, steet do op jidfer Container och CONTAINER drop. Wat an der Realitéit ni de Fall ass. An hannenaus en héicht Gebäi, Genre Plattenbau, mat e bëssi Rosa un der Façade.
An et seet ee sech, hä, wat hunn déi zwee Biller an engem Tableau mateneen ze dinn? Zemols well ënnen drënner och nach eng Faarwpalett gemolt ass, schéi grouß, schéin langweileg.
Et ass ee perplex. An da gesäit een den Text, ënner der Container-Halschend vum Tableau. Do gëtt opgezielt, wat den Abrël esou u Gedenkdeeg huet: den 12. Abrël zum Beispill Tag des Metallarbeiters, (ech ka net dersonner: de Majerus ass aus dem Minette, vun Esch; de Mario ass eng Zort Gastarbeiter, ne); an dësem Fall och komesch Gedenkdeeg fir eis aner Westmënschen: u Kommunisten, russesch Nimm – Makarenko, Gagarin, z.B. – an de Gebuertsdag vum Lenin. A matzen dran, de 16. Abrël 1866, steet do „Ernst Thälmann geboren“. Wat do zitéiert gëtt ass also den Extrait vun de realsozialistesche Gedenkdeeg aus engem DDR-Kalenner. De KPD-Politiker Thälmann ass veréiert ginn an der DDR.
A wéi dat esou ass beim Majerus, keng Signatur um Bild, keen Titel ze gesinn. Dee steet, seet engem de Curateur, hannen um Bild. Den Titel ass dësen: Thälmannkart. Do gëtt also de KPD-Politiker mam Mario (deem mat der rouder Kaap, jojo) verknäppt, wa net esouguer an eens gesat, Thälmannkart, net Mariokart. An et versteet een de Strëch, deen den Tableau zerdeelt. Lénks de kapitalistesch-amerikanesch-japanesche soi-disant lëschtege Mario-Kuddelmuddel a riets déi langweileg DDR, gro, véiereckeg, banal. Well soen: Berlin, wéi et bis 1989 nogesot krut ze sinn: am Westen faarweg, am Osten gro. De Stréch, deen den Tableau an zwou total verschidden Halschenden deelt, dat wier also eng Remineszenz un d’Berliner Mauer. Lénks – lëtzebuergesch geschwat – eng monter coloréiert, lëschteg Schueberfoer-Nintendo-Katastrof a riets véiereckeg Langweil. Thälmann-Gokart.
De KPD-Fonctionnair Thälmann ass 1933 verhaft ginn a 1944 op Befehl vum Hitler am KZ Buchenwald erschoss ginn. Déi Accidents-Mario-Katastroph lénks ass also quisi-quasi e Computerspill-memento-mori un den Thälmann a riets eng Kritik vum Moler un enger verschwonnener langweileger DDR-Realitéit. Déi de Majerus nach e bësse kenngeléiert hat: 1989 ass hien mam a wéint dem Mauerfall an dat liewegt Berlin geplënnert, wat dun e pur ganz geckeg Joer viru sech hat – an déi de Majerus mat groußer Freed eragetaucht war. Soe Leit, déi derbäi waren.
Mä lénks de CLASH! an de SCRATCH!, also Gequietschs e Gebaschts a Kamméidi – ech ka mer net hëllefen, ech denken un den Accident, ee Joer nodeems de Majerus dëst gemolt hat. Nee, deen Tableau ass net flott, net heiter, net lëschteg. Riets ass e real-sozialistesch langweileg a lénks ass e faarweg-falscht Konsumgewulls.
En duerch an duerch politeschen Tableau (mat enger Prise perséinlecher Prémonitioun – dat awer däerf ee nëmmen fillen an denken, net schreiwen).
Esou fänkt d’Ausstellung un a se hält op mat der Installatioun „the space is where you’ll find it“; déi huet eppes vun engem Labyrinth, dat sech net traut eent ze sinn, ze kleng ze iwwersiichtlech. D’Mauere si ronn oder gebéit an d’Biller och. A laanscht dat éischt kënnt een einfach net, well een drop duer geet. „How to use the system“ steet driwer, rout Buchstawen, iwwer deenen eng Blumm hänkt; an um ënneschte Bord och e Wuert: THUNDERSTROKE, Donnerschlag also. Ofgemolt (hätt meng Bom gesot) sinn 8 Personnagen, véier lënks a véier riets virun enger enormer Zielschäif, déi ass esou grouß, datt een se bal net gesäit. Majerus-méisseg sinn déi véier Persoune riets einfach nëmmen d’Teletubbies, Tinkywinky etc., blo a gréng a giel a rout, Ärmercher an d’Luucht, Antennen um Kapp, akurat gepinselt wéi se nun emol waren an de Filmercher. Nieft hinnen awer eng aner Clique: zwee Männer, zwou Fraen, nawell opgeregt in action, si fuchtelen mat Revolveren an engem Gewier. Si sinn – absënz d’Gesiichter – zimlech realistesch gemolt, just datt hier Been ausgesinn, wéi wann e Kand beim Mastiqueknätschen d’Flemme kritt hätt an opgehal huet, Been a Féiß ze modelléieren, déi hänken elo onförmeg do. An eng Fra mat rouden (!) Hoer huet e Fändelchen an der Hand, op deem eppes steet: et muss een et buchstawéieren, d’Schrëft geet e bësse no hannen ewech, RAF steet do, also Rote-Armee-Fraktion, Baader-Meinhof. Déi véier arméiert Mënschen wieren deemno Terroristen aus den 70er. Ee vun de Männer ass iwwregens gekäppt: säi Kapp schwieft iwwer sengem Kierper, ouni Verbindung, keen Hals do. Terrorissem schéngt kopflos ze maan. Oder ze sinn. Et ass also hei eng Kombinatioun vu Biller, déi een entretemps vum Majerus kennt: anarchesch, chaotesch Brutalitéit kontrastéiert am selwechte Bild mat kanneregem Kommerz-Pop, an engem Wuert: Thälmankart, hei: TeletubbiesRAF. Déi dominant Farwe si rout a rosa gréng – Gute-Laune-Majerus quoi sur fond de catastrophe.
Wéi e roude Fuedem zitt sech dës Dichotomie – faarweg-lëschteg-poppeg einerseits, andererseits brutal, menaçant – duerch dem Majerus seng Hamburger Biller.
Oder den Tron-Zyklus: véier Mol dräi Meter op dräi, eng Kéier verspigelt, dräi Mol unifarweg (hellblo, ocker a giel), mä uewe riets am Eck ëmmer deeselwechten Titel, Tron, an zwou Gestalten, wann et net deeselwechte jonke Mann ass: als digitale, bloe Programm-Roboter aus dem Disney-Film Tron (1982) an als an der Mëtt duerchgeschniddene Portrait vum faméisen Hacker Tron, deem säi biergerleche Numm Boris F. ass an deen am am Oktober 1998 am Alter vu 26 Joer erhaang an engem Park zu Berlin(!)-Neukölln fonnt ginn ass, Suicide oder Verbriechen – doriwwer gëtt gestridden a gefuerscht. E jonke Mann, dee sech an der digitaler Welt beweegt an ze fréi stierft. De Majerus huet seng Tron-Tetralogie 1999 realiséiert, dräi Joer virum Fokker-Accident. Fading Image.
Als Spectateur kann ee sech decideieren, wéi e Majerus ee léiwer huet: de Verspillten, dee mécht wéi wann en oflenke giff, oder deen, dee d’Suiten vu Gewalt weist an undäit.
An der Ausstellung gëtt et e klenge Tableau, 60 cm mol 60, dreckeg giel mat e bësse rouden a grénge Sträifen, an am ieweschten Drëttel ass eng wäiß Bannière (en Zuch?) mat bloem Bord an do steet a bloe Buchstawen POP IS TERROR. Hä? Wéi? denkt een den éischten Ament, déi guttgelaunte, labbereg Pop-art mat hiere konsumisteschen Zitater soll Terror sinn? Mä dëst klengt Bildchen – aus dem Joer 2001(!) – ass Majerus-méisseg-selbst-referentiel, well soen: seng Pop-Konscht fonctionnéiert mat Background-Katastrophen, mat Terror, mat Brutalitéit an ass eben net nëmmen lëschteg a guttgelaunt; hannert de montere Farwen lauert schwarz/wäiß Gewalt.
An den Dout. En ass dem Majerus säi Sujet. Bescht Beispill: seng immens lieweg Halfpipe-Installatioun zu Köln. Wou d’Skater wierklech an der frësch an extra gebauter Halfpipe rulle konnten also am gewinnte gemolt-zitéierten Pop-Konsum-Décor vum Majerus. An dann den engimateschen Titel vum Hallef-Rouer: if we are dead, so it is, wa mer dout sinn dann ass dat esou. Oder eben net.
Den Ament ginn sech Ierwen a Galeriste schwéier drun, de Moler mat senge sëlleche Biller um Liewen ze halen.
An da ginn ech eraus aus dem Kunstverein. Op der Amsinckstrooß kënnt mer en Aarbechter entgéngt, Schaffgezäi, stëbseg Schong, wäissen Helm, Mittagspause, hien telefonéiert um Handy. A vis-à-vis entsteet aus villen Zillen e langweilegt véiereckegt Gebäi, de Réibau ass färdeg, baussen un der Fassad op de Steeën schaffen der zwee, wäissen Helm, gréng Signaljackett deen een, gréng Signalbox deen aneren. Mario 2022, am November.