Necrologie

„présente / et absente“

Anise Koltz  am Joër 2019
Foto: Philippe Matsas
d'Lëtzebuerger Land vom 10.03.2023

Anzwousch an enger net ausgepakter Plënnerkëscht musse se sinn, déi Ziedelen. Se sinn eng 30 Zentimeter lang an nëmmen eng 10 Zentimeter breet. Ideal fir laang, schmuel Gedichter drop ze schreiwen, mat der Erika-Schreifmaschinn. Deemols, 1900iergend-
eppes-an-déi-70, wéi ech geduecht hunn, ech giff Gedichter schreiwen. Versuergt hunn ech déi Texter manner wéint menger mä méi wéint deem, wat Si drop commentéiert hat, breet Schrëft, Bläistëft – wann ech mech richteg erënneren.

An dat koum esou: vun der Schoul aus si mer een, zwee Joer virun der Première dacks op Konferenzen an d’Stad gefuer, an d’Thomas-Mann-Bibliothéik um Rousegäertchen. Do huet si geschafft, d’Madame Koltz. D’Anise wéi mir se séier genannt hunn – ënner eis. Soss war si d’Madame Koltz. Den Direkter war – keng Niewesaach – en Däitschen, ech menge vu Berlin, ech hat elo bal: e Preiss geschriwwen. Si hunn do Vorträge organiséiert. Iergendeen huet iwwer den Nietzsche geschwat oder iwwer den Thomas Mann a seng Kanner; eng Kéier war och en Zauberer do, deen huet Kartentricke gemat. An d’Madame Koltz war ëmmer do, frëndlech mat de jonke Leit. Esou frëndlech, datt eenzelner vun eis sech ugewinnt hunn an der Bibliotek laanscht ze goen och wann do keng Liesung oder Konferenz war, einfach fir mam Anise ze schwätzen. Wat meeschtens gaang ass. Si souz hannert engem Schreifdësch a war, géng ech haut soen, wuel frou iwwer d’Oflenkung an och doriwwer, datt jonk Leit, déi hier Kanner hätte kënne sinn, mat hier schwätze wollten. Et huet sech erëmgeschwat, datt si eng Lyrikerin war. Däitsch geschriwwen huet, Fragmente aus Babylon, 1973, deemols hire leschte Recueil. Nodenkt si do iwwer Sprooch – deemols war dat e bëssi méi Moud wéi haut, an Texter iwwer d’Méiglechkeete vum Sagbaren nozedenken. Oder esouguer iwwer Politik: „Überall/ laufen Zeiten und Ereignisse gleichzeitig ab/ der gleiche Krieg/ die gleichen Parteien/ die gleichen Manifeste/ die gleichen Gewaltakte/ die gleichen Reden“. Haut huet grad deen Text seng eegen Relevanz, elo, wou sämtlech Kricher aus dem leschte Joerhonnert mateneen an duercherneen zitéiert ginn, fir ze verstoe wat grad lass ass, fir dëst oder oder awer dach dat ze ënnermaueren. Dat Eent a säi Géigendeel – en décke Sujet vun der Anise Koltz.

Frappéiert hat mech deemols awer e ganz aneren Text, e ganz anere Sound: „Die alte Frau/ jenseits der Straße/ schien nicht zu wissen/ dass die Zeit aufgehoben/ und die Welt verändert war/ sie stand vor der Tür/ sonnengeblendet/ und band ihre Schürze vor“. E schéinen Text, hunn ech deemols geduecht, denken ech haut nach. A sinn entretemps méi schlau ginn, ech Enkelkand vun enger Bom, déi ëmmer e Schiertech unhat, ëmmer. An 2015 an engem Text dëst: „Comment établir des règles/ en ce monde virtuel?“; wéi gesot: tempora mutantur, ne.

Keng Ahnung, wouhier ech de Courage hat – et muss un hir geleeën hunn, frëndlech Kollegin, déi si mat schreiwende Mënsche war – egal: eng Dags sinn ech an d’Bibliothéik gaang an hunn hier eng 30 där schmuler Ziedelen, vollgeschriwwe mat deem, wat ech fir Gedichter gehalen hunn, dohinner geluecht a si ëm hier Meenung gefrot. Déi koum och, e pur Wochen drop. A wéi. Heinansdo ganz kuerz: Kitsch, stung do, oder Quatsch oder och nëmmen e Fragezeichen. An ënner engem Text, wou ech a véier Strophen véier doudeg Béischten oder Mënschen ëmkomme geloss hat, hiet d’Anise geschriwwen: „dat ass jo wéi beim Shakespeare“. Gnod hunn déi wéinegst Texter fonnt; notamment een wou si vu 14 Zeilen der 10 duerchgestrach hat an déi lescht 4 waren op eemol e Gedicht. D’Anise Koltz war also meng éischt Lektorin, giff ech haut soen, ouni dat Wuert deemols kannt ze hunn.

An ech war nach keng 20 Joer al, wéi si mech invitéiert huet 1974 zu Mondorf derbäi ze sinn. Wou ech total iwwerfuerdert war, net gewinnt un „Werkstattgespräche“, wéi en eelere berühmte Kolleg dat genannt huet; ech war arrogant a genéiert, foncièrement onsécher, ups, wat geschitt hei, deen hëlt mech jo eescht? Geschitt war – dat hunn ech Joeren duerno erréischt richteg bekäppt – datt ech e butzegen Deel vun der Anise Koltz hire Kreesser war, vun hire Kontakter mat der internationaler Poesiewelt. 1974, déi leschte Kéier, wou Mondorf am ale Kader statt fonnt huet.

Ech hunn d’Anise Koltz also – ouni dat ze wëssen – an engem Charnière-Moment vun hirem Liewe kennegeléiert: 1971 war hire Mann, de René, gestuerwen, no 1974 war Mondorf eriwwer; a si huet – rose Revanche – dee faméise Sproochewiessel gemat. Et gouf esou villes, wat ech mer haut bal iwwel huelen, net mat hir geschwat ze hunn: iwwer hire Mann, sein Doud wéint der Nazi-Folter, iwwer hir Aarbécht an där Bibliothéik ënner engem däitsche Chef, iwwer hir Sprooch, déi sech massiv verännert huet duerch dee Wiessel. Iwwert hir d’Verhältnis zu Land a Leit. Am Buch, wat si als Poetin helleg sprécht, Poésie Gallimard, 2016, steet dësen Text: „Luxembourg// Haut perchée/ sur un roc/ ma ville millénaire/ rêve et se déguise// Je lui prête mon masque/ mes artères/ comme si j’étais une autre ville.“

Dat ass e bëssi Klischee, e bëssen Arroganz. An eben och bësse Kritik, maskéiert, falsch wier do villes, verdreemt, an d’Poesie vu bannen eraus kéint eppes veränneren. Oder wéi. Ech hätt Gesprächsbedarf mat der Kollegin Koltz.

Och iwwer d’Biennales de Mondorf. Déi jo – ënner anerem – eng Zort literaresch Friddenskonferenz waren: franséisch, däitsch a lëtzebuerger Schrëftsteller*innen, déi iwwer Texter schwätzen a streiden. Ebe just zu Mondorf, am Kurpark. Och eng Zort historesche Reflex. Well 1945 sutzen do d’Nazi-Bonzen (Göring, Keitel, Dönitz, Jodl, etc.) e pur Méint lang an engem Zort Luxus-Prisong, am Palace Hotel; d’Code-Wuert vum Camp war Ashcan, Äschekëscht, Dreckskëscht. Ech si bal sécher, datt de René an d’Anise Koltz dat Code-Wuert kannt hunn, mat all sengen Implikatiounen: „dein aschenes Haar Sulamith“ schreift de Paul Celan a senger Todesfuge; 2004 schreift d’Anis Koltz: „Je suis juive avec eux (…) Sur le bord de ma fenêtre/ leurs cendres se posent/ aujourd’hui encore“.

D’Anise Koltz huet eng Rei Gedichter geschriwwen, wou als Dédicace „À René“ driwwer steet; notamment dësen: „À ma mort/ je mélangerai mon corps d’argile/ avec celui de l’aimé/ décédé avant moi// Nous fusionnerons/ un dernière fois/ pour affronter/ l’éternité barbare“. Zu Mondorf géngt d’Barbarei, an der barbarescher Éiwegkeet zesummen.

Ech hu vum Anise geléiert, iwwer d’Sprooch nozedenken a nom Mondorfer Programm, Werkstattgespräche ze hunn mat anere Leit déi schreiwen.

Mir haten eis am Laf vun der Zäit aus den Aae verluer, awer iergenwéi wuel net aus den Oueren. 2015 hu mer eis erem gesinn, an engem Prisong, dee fréier e Klouschter war – méi lëtzeburgesch geet et wuel net – an haut eppes in Kultur mécht, Neimënster. Do huet si 2015 hirt neit Buch presentéiert, un monde de pierres. Si war ganz Recul mat awer ganz wakeregen Aen, déi alles gesinn hunn. Ech sinn op si duer gang, hu Moie gesot a Felicitatioun fir dat neit buch. A si sot just: „Du gëss Dech och net!“

nico graf
© 2023 d’Lëtzebuerger Land