Wien den Tossebierg erofgeet – dat maachen der net vill – oder fiert, dee gesäit riets an der Entrée vu Mamer eng enorm – nu jee – Sandkaul, also Kéip Sand, Buedem, Bulli an och en déift Lach mat vill Waasser dran, alles hannert engem Zonk, wou zanter e puer Wochen e Gemengenziedel mat engem roude Punkt hänkt, do soll gebaut ginn, „un immeuble à 26 appartements et quatre locaux commerciaux“. Wat elo hannert dem Zonk geschitt, dat ass néideg, präventiv Aarbecht vum INRA, vum Institut national de recherches archéologiques. Et ass also keng Fuerschungsgruewung, wat net géif gebaut ginn op dësem Terrain, da géifen si net
gruewen, mä d’Saachen a Rou am Buedem loossen, wou se zwee Joerdausenden lang dra waren.
Mä wéi esou dacks zu Mamer mussen si am Fong en vitesse no Réimeschem sichen. Am wéineg benotzte Wope vun der Uertschaft ass jo e réimeschen Tempel ze gesinn. An et goufe jo scho jett Saache fonnt: Thermen a Reschter vun Haiser, uewen nieft de neie Schoulen, an do si Pëtzen ausgegruewe ginn; an engem vun deene louche Reschter vun engem Dromedar, eng archeologesch Sensatioun, déi net genuch Echo am Land fonnt hat.
Zeréck bei d’Lach, riets nieft der Areler Strooss, ënner där – keng Niewesaach –, d’Mamer erduerch leeft, d’Baach, wéint där et all dat
réimescht Geméch direkt an der Noperschaft wuel gouf. Wat dreiwen déi Archeologen do, froen sech d’Noperen zanter véier Joer a ginn dacks selwer Äntwerten, esou op de Genre: se baggeren, se gruewen, se wullen, se kéipen a se pinselen, mä firwat?
Ganz einfach, seet um Terrain an enger Chantiers-Roulotte, déi responsabel Cheffin vum réimeschen INRA-Departement, d’Lynn Stoffel, „mir gruewe weider Deeler vum mameranesche Vicus aus“: dat war eng réimesch Agglomeratioun, eng nawell grouss Siidlung, déi bal ganz ënner dem moderne Mamer verschwonnen ass. D’Gemeng huet net vill am Sënn mat de Réimer; wou aner Dierfer eng Tourismus-Branche géifen drop opbauen, do bauen se ganz einfach, zu Mamer. An d’Réimer verschwannen drënner.
Am Lach nieft der Strooss hunn d’Ausgriewer Reschter vu sougenannte Sträifenhaiser fonnt, also Haiser, déi laanscht de Kiem stoungen, deen hei vu Reims iwwer Arel an de Kierchbierg op Tréier gaang ass. Déi Haiser stounge do joerhonnertelaang, eenzeler si bis zu siwe Mol ëmgebaut ginn, vu circa 60 no Christus bis ëm d’Joer 400 hu schonn zu Mamer e puer dausend Leit gelieft, keng Stad mä e gréissert Duerf un enger iwwerregionaler Strooss, dat heescht: Infrastruktur, Handwierker, Handel, Fernhandel, eng Bréck iwwer d’Mamer, Thermen, a Griewer, déi zum Deel och scho fonnt gi sinn.
Wien sech d’Zäit hëlt iwwer den Zonk ze kucken, dee gesäit elo Maueren, rechtwénkeleg gebaute Maueren aus laber gesate Stäng, déi vaguement u Pläng vun Zëmmeren erënneren, an dat waren se och, Raim vun de Réimer. Mä d’Maueren, präziséiert d’Lynn Stoffel, dat sinn ebe keng Maueren, et sinn d’Fundamenter vun den Haiserwänn. De Lafniveau – also de Foussbuedem vun den Haiser – deen ass verschwonnen, iwwreg blouwen am Bulli joerhonnertelaang d’Fundamenter vun den Haiser. Och déi wäerten, wann déi archeologesch Pläng gezeechent an d’Analyse gemaach sinn, ofgerappt an/oder zougetippt ginn, wéinst dem Chantier à venir, siehe oben. Eng Spezialitéit gëtt et hei awer: fënnef Pëtzer, seet d’Lynn Stoffel, déi – an dat wier „e cas particulier a carrément exzeptionell“ – déi wiere matenee verbonnen, dat heescht et goung net ëm frëscht Drénkwaasser, mä wourëms dann? Dat ass eben d’Fro. An der internationaler Archeologie-Literatur géif een näischt fannen, fir esou Pëtzer ze explizéieren. Et wier eng „extrem spannend Geschicht“. Déi Pëtzer hätte jo d’Particularitéit, datt, wann ee verdréckt ass, verknaschten se all. En Ufank vun enger Explicatioun kéint sinn, datt hei Handwierker zesummegeschafft hunn, vläicht am Metall, vläit am Glas, warscheinlech Lieder-Spezialisten, déi vill Waasser gebraucht hätten – et louch vill Lieder, 750 kleng Stécker, am Mamer Bulli, mä déi Reschter misste genee analyséiert ginn. Sécher ass awer elo schonn, datt Stécker vu 77 Schong fonnt gi sinn, Schong vun Erwuessenen a vu Kanner. Mä et gouf nach kee Schoustergeschier fonnt, Spekulatioun trotzdeem: hei gouf Waasser gestaut, fir ze schaffen, da leeft d’Waasser of, an e Kanal, an dee féiert an d’Mamer, déi als Egout fonctionéiert. An – Sensatioun an der Lescht – et gouf och e ganz déiwe, ganz normale Pëtze fonnt, deen elo bis op de Fong ausgegruewe gëtt, fënnef Meter déif, de Pëtz war duerch Buedem gegruewe ginn an duerno duerch décke Fiels an erëm Buedem bis op dat proppert Grondwaasser, also e ganz normalen eenzelne Pëtz fir Drénkwaasser, an der Noperschaft vun de verbonnene Pëtzer – d’Archeologin ass begeeschtert vun där aussergewéinlecher Kombinatioun vun Trouvaillen. Absënns och vun eppes ganz Interessantem fir d’Fantasie: Fouss-
fesselen aus Metall nämlech, firwat och ëmmer déi benotzt gi sinn.
Wat zu Mamer besonnesch ass, seet d’Spezialistin, dat ass de fiichte Buedem. Deen einfach als Konsequenz huet, datt si „net nëmmen zefridde mä glécklech“ ass, mat deem wat si do an deem natierleche bassin de rétention fonnt hunn, well de naasse Buedem versuergt vill Saachen extreem gutt. A si leet däer e puer op de wackelegen Dësch an der Bud. An zielt op, Beispiller: Mënzen, 930 Stéck, an hirem Kontext, well soen, Mënzen, déi verluer gaange waren, hätten si ausgegruewen. Op enger besonnesch schéiner, déi si gär weist, steet carrément „CAESAR“ – elo net de Julius, mä e Nofollger –, an op där anerer Säit vun der Mënz de Portrait vun enger Fra, „Venus mit Diadem“, heescht dat a numismatesche Fachkreesser. D’Mënz ass aus dem Joer 46 v. Chr, aus augustéischer Zäit!
A weider, kann d’Lynn Stoffel mir an engem Plastiksbac weisen, hunn si gesammelt: Schanke vu Schluechtdéieren, gebrache Keramikschierbelen, an dann, wichteg: e Buschtaf: e groussen „L“ aus Bronz, warscheinlech en Deel aus enger Inschrift vun engem ëffentleche Gebäi, an e Messer, dat ausgesäit wéi e modernt Bottermesser, kuerz breet Schneid, de Grëff aus Schank, dee sech gutt gehalen huet am Bulli, an e Kamp, eng filigran Aarbecht, déi eng Säit ganz fein, déi aner méi graff, nach ganz frësch also naass an dreckeg, an enger Plastikstut, d’Material misst elo ënnersicht ginn. An da presentéiert d’Archeologin nach grouss Zuelen: 4 400 där Tuten hätten si mat Fondstécker gefëllt, 1 580 dovunner, déi méi delikat, wiere schonn an der Restauratioun. A si hätten iwwer 600 Strukturen am Buedem fonnt, also Maueren, Fundamenter, Poteauslächer an e Balken, eng Dunn, déi sechs Meter laang wier, dat wier e Rekord, et wier déi längste réimesch Dunn, déi jee am Land fonnt gi wier. An d’Réimer hätten d’Holz gebraucht fir d’Uwänner vun der Mamer ze stäipen, fir eng Zort Damm ze bauen géingt déi reegelméisseg Iwwerschwemmunge vun der Mamer, hei ënnen um Enn vum Brill. Iwwer naasst Holz schwätzen, dat heescht fir d’Archeologin, datt do nom Gewulls um Terrain vill Aarbecht waart, zum Beispill dendrochronologesch Analysen, wéini d’Holz geschloe ginn ass. Oder watfir bal 2 000 Joer al Kären se aus dem Bulli gesift hunn. Dat ass iwwerhaapt de weidere normalen Archeologie-Problem: schéin a gutt wat si alles zu Mamer geséchert hunn, mä dat misst alles opbereet, preservéiert a vu Fachleit analyséiert a beschriwwe ginn.
Wat den Terrain ubelaangt: dee gëtt irjendwéinni, vläicht am Joer 2026, erëm zougetippt oder nach méi déif ausgebaggert, da verschwannen déi réimesch Mauerreschter, dann ass do e néidege bassin de rétention an et steet a proppert Gebai do, matzen an enger Zone, déi heiansdo „inondable“ ass; op jidferfall war se 2021 schwéier inondéiert. Den Archeologen hiert Lach huet deemools als bassin de rétention fonctionnéiert. Net fir näischt gouf zanter der Réimerzäit op deem Terrain do net méi gebaut, mä haut wëssen se dat besser zu Mamer.