Een phonologesche Polit-Exkurs

Heeschemann

d'Lëtzebuerger Land vom 22.09.2023

Deemnächst sinn also Wahlen – jojo, ech schreiwen dat mat engem h well et huet jo näischt mat Orkaen oder Pottwalen ze dinn – an dat huet mech un eppes Desagreabeles erënnert. Ech hat nämlech, wéi dat esou meng Gewunnecht ass, no de leschte Chamberwahlen den Deutschlandfunk gelauschtert an do hunn se vun engem Lëtzebuerger Premier geschwat, deen hunn se „Javier Bettle[r]“ genannt. Dat huet mech – réng radiosméisseg – queesch gemaach. Gemengt hat de Reporter wuel de Liberale „Ksawié Böttel“, mä et huet geklonge, wéi wa mer e spueneschen Heeschemann als Regierungschef hätten. Esouwäit ass et jo awer nach net komm mat de Clochardën et autres mendiants an der Stad. Der Lydie Polfer e weidere Bettler ënnerjubelen, jeejee. Ech net faul hunn also beim DLF ugeruff, an der Aktueller Redaktion bei deenen, an déi hunn net laang mat mir geschwat, mä hunn mech direkt mat hirem phonologesche Spezialist verbonnen. An dee war guer net amuséiert iwwer mäi Protest a meng Fuerderung, de Xavier misst franséisch ausgeschwat ginn an de Bettel, svp, mat engem kuerzen, drëchenen ö, dat sollt dach net no engem deen heesche geet kléngen, wou kéim d’Finanzplaz do hin. Hunn ech nach de Geck gemaach.

De Spezialist op där anerer Säit huet dat mässeg lustig fonnt a sot, do géiff op der Telé, wann de Xavier zu Bréissel emol erëm interviewt gëtt, ëmmer Bettel stoen an da giffen hier Nolauschterer herno net eens gi mat deem geschwaten ö, deen ech do gär hätt. Och wa mir de Bettel am Land „Böttel“ nenne giffen, da misste si dach awer op hier Zuhörer oppassen a sech eben erlaben, do eng Concordance ze maan tëschent Schreifweis an Aussprooch, Lëtzebuerger Gewunnechte hin oder hier. Ech sinn dunn e bësse queesch ginn an hu proposéiert, de Macron an Zukunft „Mahkrohn“ ze vernennen an den Tramp eben Trump – d’autant plus well deem seng Ahnen jo aus Deutschland kéimen. Dat huet de Mann net lëschteg fonnt, meng Proposen, a wéi ech du nach ugefléckt hunn, mat Politiker aus klénge Länner kéint een dat jo maachen, hire Numm einfach à la germanique auszeschwätzen an eben net wéi se am Land, wou se regéieren, genannt ginn, et wier also wuel eng arrogant Decisioun vun uewen erof ouni Rücksicht op linguistesch Gewunnechte vu klenge Länner – jo, du war d’Gespréich zack zimmlech ënnerkillt a guer met méi kollegial, „auf Wiederhören, danke für den kritischen Hinweis, wir bleiben bei unserer Entscheidung“.

Dee Couptelefon bei de Kolleegen vum DLF, deen ech wuel besser net gemaach hätt, ass mer elo erëm bäigefall. An zwar aus deemselwechte Gronn. Iwwer d’Internet-Säiten kréien ech jo mat wat elo vu Wahl-Preparatiffen am Land leeft, wivill riets Parteien d’Ierfschaft vun der feue CSV untriede wëllen a wéi lues a lues ënner de Koalitionären d’Ielebéi méi spatz ginn. An ech kréie virop mat, datt dat alles hei wou ech wunnen – im Norden an der Elbe – awer och kee Mënsch interesséiert, do ass wierklech null Intérêt, op elo e Liberalen, e Sozialist oder e miraculeusement operstanene Luc F. sech ëm d’Finanze vun der Welt këmmert. Déi – onbewosst – Suppositioun ass déi, datt sech guer näischt ännert an deem butzege Land, wou ee jo alt emol an der Noperschaft – soe mer an der Eifel – an der Vakanz war oder wou een zu Tréier mat Réimeschem gelangweilt gouf a net an d’Marx-Haus eragaangen war – ze vill Chinese stungen do Schlaang. Wéi sot déi Deeg e Kolleeg mer: „Zu Luxemburg hab ich überhaupt keinen Bezug. Was war, was ist denn bei Euch so los?“

Am Hierscht si Wahlen zu Lëtzebuerg, sot ech virgëscht menger Frau. Ma da kéint ech jo doriwwer schreiwen, sot si, an ech sot, nee, geet net, ech hunn net méi genuch Kontakter, sinn ze weit ewech. Dat war nëmmen d’Hallschent vun der Wouerecht. Déi aner Hallschent ass dës: Ech hunn och dee spezifesche Bléck kritt, deen ee vu baussen huet, wann een op d’Land kuckt: dat et ze kleng wier, ze wäit ewech. Wat weess ech. Vun deem.

An dann awer. Hm, soll et wierklech esou kommen, wéi informéiert Kolleege mer soen, well d’CSV elo schon der DP schéin Aen mécht? Wann de Jean-Claude dat héiert! Sollen Déi Gréng iwwer de Guidon falen? Sollen d’Sozen – Paulette hin, Francine hier – ewech fueren? An den Polit-Zombo Luc F., deem ech elo pub-méisseg iwwerall am Netz begéinen, dee wärt dach net leibhafteg ressucitéiert ginn, obwuel en, hat säin Nestor – pardon: säin Mentor – deemols gesot, vun Économie alles a vu Politik näischt versteet. Fragen über Fragen. Demnächst mehr in jenem Theater.

nico graf
© 2023 d’Lëtzebuerger Land