Déi jonk Theatergrupp Richtung 22 besteet aus Studenten a Schüler, déi mat Humor a gewote Wuert-spiller hir Onzefriddenheet ausdrécken. Trotz der jonker Altersmoyenne bidden d’Schauspiller eng iwwerzeegend Leeschtung a stinn enger professioneller Trupp an näischt no. Den een oder aner verpassten Asaz oder Verspriecher hëlt een hinnen net iwwel, well den Text gutt geschriwwen ass. D’Mise en scène bréngt genuch Ofwiesslung fir keng Sekonn Langweil opkommen ze loossen a fir kleng Feeler séier ze vergiessen.
Opgebaut wei déi grouss international Zeremonien, mat enger Usprooch vun der „Madame la Ministre Théatrale du tourisme et des classes médiocres“, ass d’Stéck Kulturprais 2013, dat d’lescht Woch am Théâtre national opgefouert gouf, e klenge Bijou vum lëtzebuerger Cabaret-Theater. Vun de Costumen bis zu der Musek ass all Detail fir eng Parodie gutt duerchduecht ginn. Et ass eng clever Satire iwwer de lëtzebuergesche Kulturberäich an deem weder d’Politiker, nach déi lëtzebuergesch Kënschtler a Promie ver-schount ginn.
Bësseg an kritesch – wei eng gewësse „feiereg“ Zeitung – woe Richtung 22 sech un al festgestane Clichéen erun: Vetternwirtschaft, Präisser a Medaillen, déi wei Kamellen ausgedeelt ginn an eidel Debatten. Vun der neier lëtzebuergescher Popkultur (an där ewell Rap a Groupien opgetaucht sinn), déi eis national Promien verherrlecht, bis zu politeschen Tête d’affiches oder bekannten Nimm aus der lëtzebuerger Musekwelt gi se all karikatural duergestallt. Och Personalitéiten aus dem journalistesche Milieu ginn op d’Schëpp geholl.
Grad an der Zäit virun de Wale weess dës politesch Satire, d’Publikum zum Laachen ze bréngen. De lëtzebuergesche Kulturberäich gëtt mat vill Humor an Witz duergestallt als iwwerflächlechen, protzege Milieu, an deem exzentresch Gestalte sech selwer op d’Schëller klappen an och een deen aner luewen, mee a Wierklechkeet net vill leeschten. Et fléie grouss an protzeg Wierder hin an hier déi awer kee vun de Personnagen wierklech versteet. Et ass alles e Spill vum schéine Schäin.
Hannert den urkomesche Personnage verstoppt sech awer eng offe Kritik un der Kulturpolitik an um lëtzebuergesche System am allgemengen. D’Ministesch vun de classes médiocres an hiren treien Attaché, dee wei hire Schied hannert hier leeft an déi tatsächlech Aarbecht leescht, si just ee Beispill vun de Clichéen, déi thematiséiert ginn. Aktuell Problemer vum lëtzebuerger Aarbechtsmarché gi subtil ugeschwat, wei de Chômage oder de Problem vun der lëtzebuerger Sproch, déi ëmmer manner benotzt a verstan gëtt.
Déi jonk Trupp hëlt sech net eescht a verspott sech och mol selwer, dat verhënnert, dass d’Stéck zu enger schwéier verdaulecher Polit-Vendetta gëtt. Si hunn net d’Vermessenheet, sech u professionelle Produktiounen ze moossen, mee si hu Spaass beim Spillen, an dat mierkt och d’Publikum. Verschiddener spille besser Komedie wéi anerer, mee als Ensemble funktionéiert et. D’Kultur an d’Diversitéit vum Land musse méi accessibel gemaach ginn fir déi breed Ëffentlechkeet a méi oppen fir Neies sinn. D’Stéchwuert, wat engem bei dëser Produktioun afält, ass „provokant“, mee villes gëtt berechtegt parodéiert a karikéiert.