Luxemburgensia

Kuerz a knackeg

d'Lëtzebuerger Land vom 09.02.2024

Timba geet an eng nei Ronn: Di erfollegräich Miniatur-Buchrei gëtt em dräi nei Bänn am traditionelle Format vergréissert. Alleguer op Lëtzebuergesch, sinn di kleng Bicher fir jee 4 Euro ni méi laang wéi 40 Säiten. E Grond méi, mol erëm e Buch ze liesen – tëschenduerch, amuséiert an ouni Commitment –, an di perfekt Plaz fir Auteuren, fir en Experiment, wéi een op esou klenger Plaz op de Punkt kennt an eng kuerz a knackeg Geschicht erzielt, déi méi ass wéi just eng Momentopnam.

Déi dräi nei Bänn vun der Serie sinn immens ënnerschiddlech. Ugefaange mat der Kuerzgeschicht Am Ballon iwwer Lëtzebuerg (Timba n°20) vum Romain Haas, enger Abenteurergeschicht am Stil vum Jules Verne a mat engem Goût vum Don Quijote. De Bastler Dr. Henri N. C. Kerschen, dee schonn ëmmer gär a vill gelies huet, ass op der Sich no enger Méiglechkeet, fir och eng Kéier selwer esou e richtegt Abenteuer ze erliewen. D’Geschicht spillt ugangs 20. Joerhonnert, wou hien sech decidéiert, an engem Dag mat engem Ballon en Tour iwwer ganz Lëtzebuerg ze dréinen.

An der Begleedung vu senger Niess Amélie an hirem Mann, dem Erzieler Jang, erliewen si esou munch grouss a kleng Abenteuer an e Koup Journalisten, déi sech op hir Feeschten geheft hunn, an iwwerliewen e Stuerm an e Crash. Et ass eng kuerzweileg Reesgeschicht iwwer skurril Figuren, di wëll Experimenter woen an op eng Expeditioun ginn, ganz am Stil vun de groussen, klasseschen Abenteuergeschichten.

Dem Cathy Clement seng Geschicht Rondel gehéiert definitiv zu de bis elo beschten Texter vun der Serie. Mat vill Witz an an der spezieller Sprooch vun der Erzielerin, di beim Schwätzen an Denke vill Anglizisme benotzt, gëtt hei e Wendemoment am Liewe vum Finn erzielt. Si ass Mëtt 50 – a muss sech der Fro stellen, wat bleift, wann een ausgebrannt ass, de Réckbléck just batter ass ... a wéi ee vun do aus viru komme kéint. Hiren Job un der Fleeschthéik gëtt et net mei, un der Keess ze schaffe mécht kee Spaass, hir Elteren an hire Mann si kuerz hannertenee gestuerwen an d’Kanner sinn aus dem Haus. D’Finn plot sech mat enger immenser Middegkeet, ass liewens-midd. Souguer d’Liese mécht hir keng Freed méi. Ronn, kuerz a pointéiert, fänkt d’Cathy Clement eng Situatioun an e Point Tournant an, a gëtt hinnen eng perfekt passend, authentesch Stemm. Absolut ënnert den Top Dräi vun der Timba-Rei.

Dem Sophie Gitzinger säi Vill Gléck fir de Gebuertsdag widmet sech och engem eeschten Thema, mee op eng aner Manéier a mat enger anerer Approche. Et ass déi éischt Kuerzgeschicht an der Timba-Serie, déi sech op eng fréier Publikatioun vun der selwechter Schrëftstellerin bezitt, Vill Gléck am neie Joer (Timba N°4) – ofgesi vum Julie Vinandy-Schmit hirer zweedeeleger Geschicht Engelsflilleken. Elo, siwe Joer no enger schwiereger Diagnose, steet dem Sophie Gitzinger hir Haaptfigur matten am Liewen a muss sech neien Erausfuerderunge stellen – zum Beispill der Sich no engem Partner –, och wann d’Zukunft nach ëmmer ongewëss ass an d’Fro „Wéi laang nach?“ wéi en Damokles-Schwäert iwwert allem hänkt ... Intim an optimistesch, geet et em Froen, di eis all am Liewen (och ënner manner dramateschen Ëmstänn) betreffen.

Et ass e Pleséier, déi nei an esou ënnerschiddlech Kuerzgeschichten aus dëser Serie ze entdecken, déi eng grouss Beräicherung fir d’Literatur op Lëtzebuergesch ass an eng eenzegaarteg Plattform bitt, fir Neies ze entdecken – an och kuerz Texter an engem flotten, onkomplizéiert Format zougänglech an deelbar ze maachen.

Claire Schmartz
© 2024 d’Lëtzebuerger Land