Buch-Exkurs

Svitlana

Zu Kiev gouf d’Mère Patrie zu Mère Ukraine embenannt, den Hummer a d’Séchel démontéiert
Foto: AFP
d'Lëtzebuerger Land vom 15.09.2023

Ech hat e Buch bestallt. Bei hierem Mann, beim Kurt also. De Kurt a sie hunn eng Buchhandlung. Vis-à-vis leit eng aner Librairie, déi vun enger Fra geleet gëtt. Déi schwätzt ëmmer vill iwwer Futtball, männleche wéi weiblechen. Mä nodeems déi däitsch Fraen net méi am WM-Tournoi waren an och den Hansi demissionéiert gouf, huet sech dat Gespréich ginn. Well ech relativ vill Bicher kaafe, kaafen ech emol bei där Fra an emol beim Kurt; allebéid sollen ënnerstëtzt ginn, si hunn et schwéier genuch an dësen amazoneschen Zeiten.

Beim Kurt also e Buch bestallt. De Kurt huet no mengem Numm gefrot an huet deen herno och am Computer fonnt, d’Buch wier mar um 11:00 do.

Punkt 12:00 deen aneren Dag hunn ech dorunner geduecht a sinn et siche gaang. De Kurt war net do mä seng Fra war do. Déi heescht Svitlana a schwätzt en total proppert Houdäitsch mat engem irjendwéi slaweschen Accent. Och d’Svitlana huet no mengen Numm gefrot an esou gemat wéi wann sie – „natürlich“ – deen giff erëmerkennen. Net ganz onlogesch. Mir hate nämlech eng Kéier méi laang mateneen geschwat. Ech hat no engem Buch gefrot, dat als Sujet en Zwangsrekrutéierte huet. An zack ware mer am Gespréich. Mat enrôlés de force lant ee séier a penibel mat der Wehrmacht – soe mer – a Russland. Hat ech gemengt. Well ech vun deem Accent hier d’ Svitlana irjendwéi a Russland verortet hat. A mäi Monni, deen ech ni kenngeléiert hunn, dee wier, sot ech, a Russland gestuerwen, am Ingul hätt um Doudebildchen gestaan. An dunn hunn ech beigeléiert. Dee Floss, den Ingul, sot d’Svitlana, dee giff nämlech net duerch Russland fléissen mä duerch d’Ukrain, a si kéim och aus der Ukrain an hier Famill giff do liewen. Deemols, virun iwwer zwee Joer, war dat eng Niewesaach, fir mech eppes Neies, de Contraire zum Familjegespréich à la „a Russland leie bliwwen“. An dunn hunn de Putin an d’Russen d’Ukrain attackéiert. Dem Kurt an der Svitalana hir Vitrin war op eemol anescht garnéiert: do hung eng al Landkart vun der Ukrain – ech hunn den Ingul gesicht a fonnt – an et luche Bicher an der Vitrin, deenen hier Titelen ech guer net entziffere konnt – mäin Ukrainesch ass wuel schlecht – an awer och entspriechend Dictionnairen waren ausgestallt. A Kannerbicher. Wéi ech deemols eng Kéier an de Buttek eragang sinn, hunn ech gesinn, datt d’Svitlana déck Rénk ënner den Aaen hat a sie huet sech guer net grouss ëm mech gekëmmert mä ëm e jonke Mann. Dee war Selenskyj-méisseg militäresch ugedoen, gouereg, e ronne Kapp, kuerz dënn Hoer, an huet mat grousse Päck hantéiert, déi hunn déi esouwisou zimlech kleng Librairie zimlech gefëllt. Ech hu verwonnert gekuckt an d’Svitlana sot, dee jonke Mann wier am Gaang ze sortéieren an anzepaken, e wier gëscht komm a giff owes erem heem furen, an d’Ukrain, mat gespentem medizineschem Material. Zanterhier sinn si mer och opgefall hei an de Stroossen, d’Fraen. Et sinn der ëmmer zwou: eng eeler Madam an eng jonk Fra an een oder zwee Kanner. Si ginn zesummen an et versteet ee kee Wuert wa si schwätzen. Ukrainesch, versteet sech. Si hun vun doheem misse flüchten.

An d’Svitlana? Ass manner dacks hannert der Théik vun der Librairie, decoréiert awer dacks d’Vitrin ëm, mat iwwersaten ukraineschen Auteuren an heiansdo mat deem blo-giele Fändel.

Wéi ech also elo no mengem bestallte Buch gefrot hunn, sot d’Svitlana, ach Ja, an hat et een Zock an der Hand a sot, si hätt den Text hannendrop gelies an hätt wuel Loscht, dat selwer ze liesen. Geronnene Lava (vum Reinhart Koselleck) heescht d’Buch. Ech hunn et fir de Gebuertsdag vun enger Frëndin kaaft, déi sech pädagogesch ëm politesch Erënnerungsarbecht këmmert. Et geet bei hier ëm d’KZler an ëm d’Nazien an ëm Monumenter an Denkmäler. Genee wéi am Buch. Mä wéi soll een dëser Deeg – wann et ëm Krich geet – net un d’Ukrain denken an dorunner, datt an der Ukrain sowjet-russesch Symboler vu Krichsdenkmäler erofgeholl ginn. An datt d’Krich ass. An datt mutiléiert a gestuerwen gëtt. Ech hunn d’Svitlana gefrot, wéi et hier goe giff. Si huet gekeimt, et wier hart, deeg- a nuechtelaang giff si op Internetkarten suivéieren, wéi bestëmmte Géigenden am Nord-Oste vun der Ukrain rout giffe ginn, dat heescht attackéiert giffe ginn, Suergen iwwer Suergen. Si hätt Famill do, eng Schwëster, déi an der Justiz schafft, si dierft d’Land net verloossen, Staatsbeamten dierften dat net. Si giffe Kontakt halen.

Ech hu mer virgeholl d’Buch Geronnene Lava selwer ze liesen. D’Rezensioun an der SZ geet net duer. Elo awer denken ech schonn, Geronnene Lava heescht wuel Blutt, gerënnt. Ech muss d’Frëndin froen, datt si mir dat Buch léint.

nico graf
© 2024 d’Lëtzebuerger Land