„D’Wierklechkeet / hätt och gär méi gehat, / krut awer nëmmen en Deckel“
Mam Antoine Volodine verbënnt den Nico Helminger net just eng Virléift fir d’Heteronymie: Genee wéi de franséische Schrëftsteller sprengt dem Lëtzebuerger Schrëftsteller seng Literatur all Zort Barrièren, esou dass déi geleefeg Genren net ëmmer duerginn, fir hirer Kreativitéit Ausdrock ze ginn. Beim Volodine gëtt et d’Shagga an den Narrat, beim Nico Helminger d’Sequenzen, eng Zort Lyrik, déi no e bëssen anere Spillreegele funktionéiert, wéi de klassesche Gedichtband.
An engem éischten Ulaf, gedeeft In eigener Säure, war et d’DNA, also d’Sequenzéierung vum mënschleche Genom, deen eis Fabrikatioun determinéiert, déi Modell gestan huet fir d’Sequenzen, dat fir, wéi den Nico Helminger et erkläert, „en Zesummenhang tëschent biologeschen Erfuerschungen an historeschen, bibleschen also literareschen Duerstellunge vu Mënsch a Gesellschaft“ ze erstellen, duerno koume mat de Bänner Grenzgang a Besuch bei den älteren Werken des Mondes weider sequentiell Experimenter.
Geckegen Hunneg (éditions Guy Binsfeld) ass den éischte Band mat Sequenzen op Lëtzebuergesch a féiert domat déi rezent linguistesch Opdeelung am Wierk vum Nico Helminger weider – Texter op Lëtzebuergesch verëffentlecht hien ënnert sengem eegenen Numm, déi däitschsproocheg ënnert dem Heteronym Tomas Bjørnstad.
Ze behaapten, dass Geckegen Hunneg op eng beandrockend Manéier weist, dass Poesie op Lëtzebuergesch net just méiglech ass, ma och duerchaus mat deem ka mathalen, wat am Ausland produzéiert gëtt, ass dobäi net just een understatement oder en Ausdrock vun dem oft erwäänte Lëtzebuerger Mannerwäertegkeetskomplex a seet dowéinst eigentlech relativ wéineg aus: Geckegen Hunneg ass ee Band, deen een als éischt mat Virwëlzt a vläicht enger gewëssener Skepsis liest (méi Nische wéi Lyrik op Lëtzebuergesch geet bal net), deen een dann awer séier peekt – an duerno och ëmmer nees aus dem Regal kropt, well en den Horizont vun deem, wat an der Luxemburgensia méiglech ass, erweidert.
Dat wéinst senger Manéier, mat wéineg Wierder net just kleng Fiktiounswelten ze schafen, ma och Iwwerleeungen zu Sprooch a Gesellschaft ze kondenséieren an domat an enger Sequenz deels méi ze soen, wéi anerer an décke Romaner.
Déi siwe Segmenter hunn dobäi eng labber erzieleresch Struktur an eng Chronologie, déi awer no an no opgeléist gëtt, dat och, well déi deels verstëbste Welt vun de Kandheetserënnerunge séier op Termini vun der zäitgenëssescher Welt an all hiren Naupe stéisst.
Wou „Kand beim Numm“ sech mat der Kandheet vum lyreschen Ech befaasst – enger Kandheet, déi eng archaesch Welt zum Liewen erwächt, ma déi awer och weist, dass Erënnerung a Realitéit ni onofhängeg vun der Sprooch existéieren – an esou d’Noutwennegkeet vun der lyrescher Sprooch als Ofgrenzung engersäits zur Realitéit an anerersäits zur Sprooch als Instrument vun der ganz alldeeglecher Alienatioun etabléiert, esou si mer bei „McIergend“ matten an der Entfriemung vum spéiden Neoliberalismus a sengen Alldagspathologien.
Hei gëtt d’Lyrik dem Gefill, keen Halt méi ze fannen, Ausdrock, de Goofy an den Tintin aus dem éischte Segment ginn duerch Musk a Gates ersat, deels fillt ee sech un dem Menn Malkowitch seng Experienzen am Albdram vun der Schaffwelt erënnert: „D’Firma besteet / aus lauter Ielebéi“, „Du bass wäit fort / vun där selwer, / schreifs der dichteg / Bréiwer vun Adress zu Adress. / Déi Tut plakeg Mécken / aus dem Sproch geet op, / un dengem Fleesch / ass eppes faul.“
D’Wonn vum Schwätze pléischteren
„Déi enk Sprooch / vun den Elteren, / si houng iwwer dem Stull / als Hiem, / all Haus eng kleng Klinik / mat Rezepter géint de wëlle Wuess.“ An dësen éischte Versen ass bal alles gesot: d’Sprooch als Medezinskëscht mat Spréch wéi Plooschteren, déi et dem Kand erlaben, d’Wierklechkeet ze verstoen a sech virum hir ze protegéieren, ma d’Sprooch och als Hiem, dat engem ze kleng ass, als Konditionéierung, déi d’Realitéit verstoppt an iwwerdeckt, do wou de Poet se auserneen hëlt an anescht zesummefléckt.
Well déi Sprooch, déi de Poet brauch, net déi vum „Gebrachs an der Kiche“ ka sinn, do, wou de Mond zur „Haaptstad vun der Ligen“ gëtt: „E Saz ass kee Gemësch / vu Wierder, nee, / a kee Gebrachs / an der genannter Kichen, / awer e geschitt, / mat allem wat drastécht, / wéi Stiechen, / a pléischtert an engems / d’Wonn vum Schwätzen.“
„Nenn d’Kand beim Numm“, seet de Papp, a versteet net, dass de Bouf net versteet, well alles an der fir d’éischt emol friemer Welt „Ausdrock vum Onbegräiflechen“ ass. Als Konsequenz dozou „pickt a flecht“ d’Kand „eng Welt/aus faarwege Prisongssträifen [...] a kennt de batteren Eescht/ vum Liefkuchliewen.“
Ob et dem Kand seng Schnuddel ass, déi „breet a schmiereg / wéi dem Här Disney säi Schnauz ass“, den „Dousekranz aus Gefréiss“ ronderëm d’Feier oder d’Pëppelen, déi „Zwergen aus Kniet“ sinn: An enger Kandheet, gezeechent vum Krich, dem Katholizismus („déi gefaalte Wierklechkeet / an den Hänn vum Massendénger“) an de Gefore vun der Industrialiséierung („De Grousspapp goung / mat stolen Nuesen / op d’Häll zou, / dunn huet op der Schmelz / de Kropemann / hie geholl / a vu sengem Réckkräiz gerappt.“), erlaabt d’Sprooch et, sech ee Sënn ze reimen, aus dem Onbegräiflechen. Ma d’Sprooch kann och mëssleeden: „No an no réischt / gëtt aus dem Glënneren / eng Welt aus Wierder a Gesten. / Mee vläicht sinn och dat / nëmme Schieter / vun ze séiere Gedanken, / déi de Geck mat mer maachen.“
Déi Skepsis vis-à-vis vun deem, wat d’Sprooch kann, begleet de lyreschen Ech dann och an déi spéider Segmenter. Am Kapitalismus ass de Poet just nach „ee Verréckten, / ouni Ophiewes / an ouni Talent fir de Maart“. Mir „waardeschläifen eis duerch den Dag“, „d’Syntax muss extra bezuelt ginn“ – an „de Mënsch [ass] dem Mënsch en Noper / am Bedruch“.
Schwaachen Trouscht: „D’Enn vun der Welt / ass net d’Enn vun de Méiglechkeeten. / A scho guer net dat / vun de Beroder. / Mir sinn all Dieren / am groussen Haus / vun den Erzielungen, / Zongen am Mond / vun der Éiwegkeet, oder? / Wann ech mech richteg erënneren, / gouf fréier Holz op mech getässelt, / lo sinn et Algorithmen.“
Am Segment „Geckegt Liicht“ léisst de Poet d’Algorithmen a Google eran; um Schluechtfeld vun der Wierklechkeet, um Schachbriet vun der Sprooch treffe sech d’Sequentialitéit vum Dichter an déi vun der kënschtlecher Intelligenz: „Python ass ee gudde Programm, / dem Chabot neelech / den Dicks ze riichten“.
Wat d’Welt méi vun Algorithmen zougetippt gëtt, wat den Nico Helminger méi dat Mathematescht, dat een an der Kompositioun, an der Contrainte vun der experimenteller Fiktioun, an der Metrik an am Rhythmus fënnt, a säi Wierk eraléisst – wéi fir der kënschtlecher Intelligenz eben net d’Iwwerhand am Domaine vun der generativer Kreatioun ze loossen.
Esou ginn an de Sequenzen d’Kaarte vun de Wierder an den Ausdréck ëmmer nees nei gestéckelt – an all Segment dauche verschidden Ausdréck, Figuren a Metapheren ëmmer nees op en Neits op, sinn awer duerch Syntax a Semantik verréckelt, schif, ginn dekontextualiséiert, ewéi d’Schmuebel, déi schonn a Kappgras eng wichteg Roll gespillt hat, oder och de Schnauz. Am zentrale Segment „Bascht“ ass et dann d’Sprooch, déi bascht, déi längste Sequenz vum Band huet ee Rhythmus wéi ee Lidd vu Muff Potter, Sproochreegelen schéngen opgehuewen, et gëtt Alliteratiounen an ee Saz, deen ëmmer nees en neien Ulaf hëlt, deen duerch säin Zécken avancéiert, ëmmer nees zeréckfält op Verse wéi ee Refrain. „Mir ginn eisem Schiet en Numm / a sprangen driwwer, / an eng nei Sprooch.“
Dës nei Sprooch bäisst sech awer oft mat enger Welt, déi der Komplexitéit vun der Realitéit guer keen Ausdrock méi wëll ginn – a muss struewelen, fir iwwerhaapt nach wouer geholl ze ginn. An de leschte Segmenter „Tëntegebitt“ a „Viru mam Abel“ gëtt d’Bild ëmmer méi donkel an apokalyptesch: „Keen Zweiwel, mer liewen / am falsche Sonnesystem. / [...] Wann et däischter gëtt, / verschwënnt och d’Nuecht“, spéider heescht et esou guer: „Mer hate probéiert, / d’Absurditéit a Brand ze stiechen / a koume mat verbrannten Hänn / an d’Klinik.“ An der leschter Sequenz fierft dës Verzweiwlung och op d’Sprooch selwer of: „Mir fanne keng Wierder / am Brennes vun der Sprooch, / déi all dat richteg kéinten erëmginn, / an och Erënnerunge gi lues a lues / Uertschafte vum Vergiessen“. Ma wann een Ofgesang op Welt a Sprooch esou op de Punkt formuléiert gëtt, bleift engem ëmmerhin dat: d’Gewëssheet, dass een dëse Band ëmmer nees op der Sich no Schéinheet duerchbliedere kann.