„Ech simuléieren ëmmer méi“

d'Lëtzebuerger Land du 03.01.2025

Wéi vill Glafwierdegkeet kann een der Erzielung vun enger Persoun accordéieren, déi vun der Wourecht absolut näischt hält an am Géigendeel esou ee grousse Frënd vun der Ligen ass, dass si esou guer enger Persoun, déi si jorelaang finanziell beduckst huet, net wierklech ka rose sinn? Wéi vill Wourecht stécht an der Erzielung vum Sascha Rink – enger Erzielfigur, déi sech spilles iwwer gesellschaftlech Normen ewech setzt, d’Aarbechtswelt fir eng Ausbeutung an eng Zäitverschwendung sonner gläichen hält, et op der „schifer Bunn vill méi spannend“ fënnt wéi op der riichter, sech selwer als „Hardcore-Fantast“ bezeechent a mat 24 Joer der Meenung ass, net just mat der Aarbechts-, ma och mat der Welt am Grousse ganzen ofgeschloss ze hunn?

Well de Banquier Rutenschneider een CV vun him verlaangt, dat, fir ze préiwen, ob de Mann fir déi vun him ugefrote Kredit fir de Projet SICK (den Akronym gëtt op dëser Plaz aus Spoiler-Alert-Grënn net opgeléist) eligibel ass, fänkt den am Joer 2000 gebuerene Sascha un, säi Curriculum néier ze schreiwen oder ze fuebelen, fräi nom Motto: „Alles erfonnt. Alles wouer.“ Dass ee Curriculum dobäi fir gewéinlech net méi wéi e puer Säite soll hunn, ass dem Rink egal – wie vill litt, kënnt ebe séier op 650 Säiten.

Dobäi gëtt net just d’Iddi vun der Iwwerpréifbarkeet vun der Erzielung, ma och d’Notioun vun der Onzouverlässegkeet vum Erzieler quasi annuléiert: De Sascha Rink gëtt ganz kloer ze verstoen, dass net just d’Wourecht relativ ass, ma et och relativ egal ass, wat genee hei wouer ass a wat net. An enger Welt, déi fräi nom Baudrillard vu Simulanten a Ligener nëmmen esou wimmelt, eng Welt, an där de kranke Konkurrenzkampf no méi Goss a méi Wuelstand op alle soziologeschen Ebenen d’Zesummeliewe kontaminéiert a just nach sozialdarwinistesch mam Ielebou gespillt gëtt, enger postfaktescher Welt, an där d’Wourecht zu enger vu villen Narratiounen degradéiert gouf, interesséiert et kee méi, ob eng success story reell oder gefuebelt ass – Haaptsaach, si rappt mat. An domat kann de Sascha Rink dann och heiansdo eng erzielten Episod „nei lancéieren“, well em den éischten Ulaf net gefall huet – ee postmodernen Trick, deen de Fuerscher Brian Richardson „denarration“ genannt huet.

Scho wärend senger Kandheet stellt de Sascha fest, dass d’Aarbechtswelt méi oder wéineger déi schlëmmsten Eegenschaften an de Mënschen ervirrifft: Ganz egal, ob et der Mamm hir Selbstversklavung an hirem Coiffeurssalon Anika ass oder dem manipulativen a schmieregen Assurancenheini (entschëllegt de Pleonasmus) vu Papp säi Parcours uechtert ee sinistréiert Land, ëmmer bereet, sinistréiert Wittfrae mat sengem Jargon an noutfalls och sengem Kierper iwwert déi sëllegen Iwwerschwemmungen an aner Onglécker ewech ze tréischten – schaffe goen heescht sech ënnerwerfen, bedeit, een absurd Liewe mat nach méi Absurditéit ze fëllen. Wie schaffe geet, brauch d’Léie wéi de Sauerstoff, sief et, fir sech wéi de Jean-Serge u seng Clienten erunzemaachen oder wéi d’Anika hirem Leed mat gespillter Empathie ze begleeden.

D’alternativ Beruffs- oder ebe Liewensweeër? Phlegmatiker, Kritiker, Stoiker, Philosoph, Simulant, Ligener, Schallek oder eben eng gesond Mëschung aus all deem, wéi de laut eegener Ausso fréiräife Fraeschwarm Sascha et schonn a fréiem Alter begräift. „Meng Mamm huet keng Anung. Si versteet net, datt ech op engem ganz aneren Niveau mat hire Clientë verkéieren, ech suergen derfir, datt hire batteren Alldag verschwënnt hannert engem faarwege Paravent aus imaginäre Geschichten. D’Wourecht ass ëmmer klengkaréiert, mee d’Ligen ass generéis, si kennt keng Grenzen, et kann een se spilles ausbauen a multiplizéieren (!), wat ee méi litt, wat ee besser drop ass. Ech si jo selwer dat beschte Beispill.“

Fir seng Karriär als Ligener a Simulant inspiréiert hien sech bei verschidde Figuren, déi him iwwert de Wee lafen an déi hien, am Géigesaz zu der depressiver Mamm an dem verlugene Papp, eescht huele kann, dat, well si d’Liewen eben als dat huelen, wat et ass: eng salle d’attente, an där een op den Dout waart an an där een näischt anescht maache kann, wéi sech a seng Matmënschen eben e bëssen ze ameséieren. „De Mënsch ass en Dreck, d’Liewen ass eng Farce, alles leeft just drop eraus, datt den homo sapiens als e Gräppchen Äschen de Schäissbierg erofgeet. Dat ass dach ee bommefest Argument fir eng Existenz, an där d’Aarbecht keng Roll spillt. Firwat soll een sech fréizäiteg mat Schaffe vrecktmaachen, wann d’Vreckecht souwisou vun Ufank un um Programm steet.“

Goss ass dem Guy Rewenig seng Äntwert op dem Nico Helminger säi Menn Malkowitsch: Et sinn net just der Haaptfigur hir rebellesch, widderspensteg Positioun um Rand vun der Lëtzebuerger Gesellschaft an déi kritesch, erfrëschend gehässeg Visioun vun enger verwinnter Natioun oder eben d’Längt an d’Ambitioun vum Roman selwer, déi un dem Helminger seng komplex Fiktioun erënneren, ma och formal Detailer wéi verschidde stilistesch Tournuren, d’Spill mat dem Numm vun der Minetter Stad, aus där de Sascha kënnt, oder d’Extraiten aus dem Sascha sengem Notizheft, déi op dem Malkowitsch seng Schmuddelhefter verweisen.

Dem Sascha Rink seng berufflech Erfarungen erginn dobäi ee Kaleidoskop vu Lëtzebuerger Wuelstand an Hypokrisie: Als Housesitter an engem gliesene Bunker mat Better, déi méi deier si wéi esou munch Krescher Wunneng, kuckt hien net just de gelangweilten Noperen no, bei deenen esou guer dat ritualiséiert Friemgoe vu Langweil sténkt, ma stellt och fest, dass de steeräichen Awunner vum doudegen Nidderaanwen owes am Proletariercafé fir senger Liewe gär Hierken ësst; als bäigepraffte Member vun enger Kënschtlerclique freet hien sech, wéi déi Leit all kënnen de léiwe laangen Dag näischt fuuschten ausser sech op Premièresfeieren a Vernissagen d’Panz vollzeschloen an nawell finanziell iwwert d’Ronnen ze kommen. Egal, wéi vill dem Rewenig säi Rink fuebelt: Hien analyséiert mat Schaarfsënn a vill bësseger Ironie d’Widderspréch vun engem Land, an deem d’Leit vu villem Goss net wëssen, wat se solle mat sech an der Welt ufänken.

Och sproochlech gesinn ass de Roman ee Freedefeier u béisaartegen Tournuren – de Sascha versteet sech als Sproochkënschtler a fänkt schonn a jonkem Alter un, komplex Wierder ze sammelen, ënnert anerem, well säi Papp sech esou geschwollen ausdréckt, dass dat nëmme konnt op de Bouf offierwen, ma awer och, well de Sascha weess, dass Rhetorik a sproochlech Flexibilitéit wichteg sinn, fir sech am neoliberalen Alldag als Geschichtenerzieler duerchzeschloen. Hannert all komplexem Wuert steet am Roman een Ausruffzeechen, déi der Erzielung gläichzäiteg hire Rhythmus ginn an déi sproochlech Komplexitéit ironesch kommentéieren.

Géint der Enn gëtt de Roman liicht redundant, souwuel a sengen Episode wéi a sengem Stil, ganz keeft een dem Auteur säi Generatioun-Z-Erzieler net ëmmer of (trotz senger kritescher Haltung wier ee 24-järegen Erzieler vläicht méi vun der Digitaliséierung vun eiser Welt gepräägt, wéi de Rink dat ass) an de Rewenig verfält dann heiansdo och a seng Manéier, fragmentéiert Kapitele wéi Pärelen uneneenzereien, ouni dass een hir Noutwennegkeet an der narrativer Ökonomie (hei hannendrun hätt de Sascha een Ausruffzeeche gesat) géif gesinn. Stéieren deet dat net wierklech, bei 650 Säiten hätt ee just verschidde manner reusséiert Kapitele kënne sträichen.

Viru Joren hat ech eemol geschriwwen, et wier schued, dass de Guy Rewenig esou dacks kuerz Texter verëffentlecht, an deenen d’Grandeur vu senge fréiere Romaner oft just plazeweis opgedaucht war, an hat mer ee méi ambitiéist Wierk gewënscht. Goss ass definitiv, mat e puer Ofstrécher, ee méi wéi gelonge Comeback zum Lëtzebuerger Roman, deen een zyneschen, batteren, ma oft touchanten an éierleche Portrait vum Iwwerliewen an engem ëmmer méi sënnlosen a lächerlechen 21. Joerhonnert zeechent.

Jeff Schinker
© 2025 d’Lëtzebuerger Land