Luxemburgensia

... um Ostern ist ein Hund rasend geworden

d'Lëtzebuerger Land du 17.05.2001

Nach eng Porgeschicht? Eng weider fir op d'Stellaasch?

Kauneref: 185 Awunner - Ee Bistro - Déi obligat Reklamm fir d'Tankstell an den Duerfrestaurant, ... mais elei näischt dovun.

D'Porkierch. Eng Photo vum Organisatiounskomitee. E Virwuert vum Erzbëschof. Eent vum Ministre des Cultes - ouni Photo - an eent vun der Ministre de la Culture. Och ouni Photo. Eent vum Buergermeeschter. Da fënnef Säite Comité d'Honneur a Comité de Patronage. De Festprogramm vum Joer am Réckbléck. Texter vum Jean-Claude Muller, Paul Muller, Josette Schintgen-Nickels, Nicolas Nickels (scj), René Daubenfeld, Marcel Probst. Eng Aquarell vum Marco Zorzi. Dann déi obligat "Series Pastorum". Wëssenschaftlech! Grëndlech! An zu gudder Lëscht: 205 Säite Familjebuch vun den Kaundrefer, Ënsber an Noutemer Leit.

Photoen : Vill Photoen. Vum Josy Hinger, Marianne Thilmany-Nickels, Jos Scheer a Jean-Claude Muller. Photoe vun de Mënschen aus dem Duerf. Photoe vun der Kierch. Photoe vum Mobiliar an der Kierch. De Photograaph vum Mobiliar ass de Claudy Raskin. Hien ass och Photograaph vum "Musée en Piconrue" zu Baastenech.

Barock ass d'Mobiliar an der Kierch. (1735). Aus dem Atelier Scholtus vun Bastogne. E grousse Skulpturesatelier aus dem 18. Jorhonnert, dee vill Mobiliar hiergestallt huet, deen nach haut am Lëtzebuergeschen ze fannen ass. Eng virleefeg Lëscht op de Säite 84-85 rezen-séiert Scholtus-Mobiliar a Kierchen am heidegen an am fréiere Lëtzebuerg: Perlé, Bertrange (Lux), Weicherdange, Sterpenich ... . Eng provisoresch Lëscht, well Luxemburg, das reichste Land der Welt mit einer Kulturpolitik für die Wüste besitzt immer noch kein komplettes, veröffentlichtes Inventar der kirchlichen und weltlichen Kunstschätze... 

Am Originaltext dann "Lokal-Curiosa", déi éischter an op aner Plaatz publizéiert, eis Landesgeschicht géiwe betreffen. Ënnert dem Titel "Ein Herz-Jesu-Missionar aus Kaundorf bricht (1948) zur Kongo-Mission auf" ass dat d'Beschreiwung vun der Schëffsrees an den éischte Wochen an Afrika vun engem Duerfjong, dee Missionar am Kongo war. An der 1995 erschingener Anthologie Die Luxemburger in der Welt - Le tour du monde des Luxembourgeois 1775-1995 ass deen Text net rezipiéiert. 

D'Neieditiou vun der Chronica Hubertiana kënnt wuel och als "Curiosa" ofgehaakt ginn. Oder kënnt als schons mol publizéiert, definitif op dem Bibliothéiksregal veschwannen. Deem ass awer net esou. Renomméiert auslännesch Klimafuerscher hunn an hir wichteg Elementer fond, fir d'Entwécklung vum westeuropäesche Klima am 18. Jorhonnert ze weisen. Déi aus de 50-ger Joeren hierkommend Editioun ass allerdings lacunaire an onpräzis. An akribischer Aarbecht huet den Jean-Claude Müller den Text (Manuscrit 70 vun der Section historique de l'Institut grand-ducal) transkribéiert a verglach mat der éischter Editioun (Hurt, Beilage zum Kirchlichen Anzeiger, 1950). Dat bréngt dem Historiker a Lieser vill Neies. Op lokalem Plang dat eent: Mat Foussnoute vernetzt hie se mat dem Familjenbuch. Dorauser ergët sech eng mikrohistoresch Analys déi fir d'Awunner vum Duerf eng nëtzlech Informationsquell iwwert hir Haiser an d'Geschicht vun hiren Haiser ass. Denkmalschutz iwwert "lästeg Benediktineraarbecht"...

Op naturhistoreschem Plang, nieft der genauer Beschreiwung vun de meterologesche Bedingungen, gët se och wäertvoll Angaben iwwert d'Agrarlandschaft aus dem 18. Jorhonnert, eng Geschichtsspezialitéit, déi am Ausland wuel een interesséierten - wann och limitéierte Lektorat fannen wäert. 

Op kierchenhistoreschem Plang wäerte wuel déi lokal "Pflichten des Kaundorfer Pfarrers im Todesfall, Begräbnisbrauchtum, Sonderfeiern zu Allerseelen (S.156-157), Karfreitagsbrauchtum (S.158), Osterbrauch, Martinstag, Festtagspflichten des Pfarrers, Verlobungs- und Hochzeitsbräuche den Pfarrer betreffend, Rechte beim Begräbnis eines Kindes und andere Pflichten und Rechte des Pfarrers" grad esou wuel wéi d'Beschreiwunge vun deem Novalzehnt, dem Wollzehnt oder de Schuldverschreibungen déi Historiker uspriechen, déi sech fir d'Verflechtung vun Natur an Reliounsbräicher interesseieren. 

Duerniewt weist eis d'Chronika och, wéi häfeg Missione vun den "Bußprediger", de Franziskaner vu Baastnech, Troisvierges an Diekirch zou Kaundref waren. Déi vun den Jesuite ware méi rar, duerfir awer méi "nachhaltig", well sie - tëschen 1720 a 1734 - "Viele große Kreutzer... auf Wagen gebracht... umb mit gewissen ablässen eingesegnet zu werden. Unter welchen kreutzen ist auch das kreutz im dorff Kaundorf gewesen."

D'Chronica Hubertiana ass och voller Geschichten. E puer siefen erausgegraff: 1717 hun d'Awunner vu Kaunduerf hiert Schoulhaus nei baue gelooss. Duerfir sollt jidder Haus "4 dilen" musse ginn. An di al Taack aus deem ale Paschtoueschhaus sollt an d'Schoulhaus agemauert ginn. Just d'Maueren si vum Steemetzer opgeriicht gin. Awer dat huet Geld kascht. An net alleguer ware se domat averstanen. "Alle Mauern zeigen Risse, ... haben bereits einen Bauch geworfen ..." schreiwt den Notär, deen d'Awunner vun Noutem an Ënsber bestallt haten. Datt se de Bau zou Kauneref net matbezuelen wollten geet net aus denen Dokumenter hervir, déi an der Stad am Archiv versuergt gin. De Lieser kritt doduerch den Androck, datt alles miserabel war an d'Kanner deemools a baufällege Schoulen ënnerriicht goufen. 

D'Kaunerefer Chronik laut eng aner Klack: D'Situatiou war laang net esou dramatesch. D'Mauere waren opgeriicht an dun ass "der Schorßstein ... eingefallen ... die mauer zur Capel hat sich ergeben dadurch ..." De Steemetzer huet d'Mauer nei gebaut, an d'Schoulhaus steet (?) bis haut. Laanscht d'Matbezuele vum Bau koumen d'Awunner vun Noutem an Ënsber net. Si hunn déi 27 Rt awer mussen bezuëlen - nieft 16 Rt fir Geriichtsdeeg zou Béiwen a fir eng Visite vum Schoulhaus. An dem Baumeeschter hu se en halwen Daler musse gi dir séng "gemachte kosten". 

Schoulen, däre goufen ët iwregens zou Wolz seit 1726, zou Wanseler seit 1729, an zou Kaundref seit 1733 - wann sech een nëmmen op schrëftlech Dokumenter baséiert. Éischter vläicht esouguer. 

Iwwert d'Hongersnout aus den Joren 1724-1727 beriicht d'Chronica Hubertiana, "wo ess nit geregnet vom halben Mertz bis in den halben Brachmonat; (und wo) wenig grass und haber gewachsen (ist), dann 1726, wo keiner ... hat fruchten genug bekommen für sein Hausstatt, a 1727 wou am Fréijoer, "alle Inwohner der Pfahr Kohren auf borg bekommen müssen"; a wou de Summer esou reeneresch war, datt "sie haben den ganzen Monat das Korn müssen im Ofen trocknen (müssen)".

Aner Wiederkatastrophen gouwen ët och: 1731 "hat ess hart gereifft und gefroren" an d'"meer-bonen" (Dicke Bohnen/fèves des marais) ware gefruer. 1735 huet en "donnerwetter und wolkenbroch" am Juli Uebst an Eechelen (fir d'Schwéngstmaascht am November/Dezember) zerschloen. 

1735 hu Raupen während véier Deeg "muss, murtengeleff flax und werck auff den spitzen verzehret".

An dann hiert Véi: 1719 huet de Blëtz 120 Schof a 17 Schwäin erschloen. Den Hiirt hat se ënnert ee grousse Bam gedriwen. Onverständlech war fir d'Kaunerefer den Doud vun hieren Déieren: "an den Tieren hat man keine Verletzung gesehen, sie wurden alle an der Stelle begraben, nur einige fette Hämmel wurden eroffnet um das fett zu haben für Schmeer (Salbe). Der (überlebende) Rest der Herde war erblindet." 

Virun der Tollwut hun se sech wuel mam Hubertischlüsel geschützt, awer souguer de Paschtouer Huberti huet nett sou richteg dru gegleeft: "um Ostern ist ein Hund rasend geworden, hat Schweine gebissen deren etliche auch rasend geworden sind; die Tiere wurden mit dem Hubertischlüsel gebrannt; dies half aber nichts; ein Schwein des Pfarrers - wohl behütet und gemästet in seinem Stall wurde trotzdem krank und musste erschossen werden - wie die anderen Tiere."

1728-1732 war eng Poukenepidemie bei de Schof ausgebrach. Ongeféier 100 Schoof an 24 Kaalwer ware gestuerwen. An der Chronik liest een, datt "anfanglich hat man allerlei mitel gebraucht aber umb sonst, hernacher hat mann alleß dem Willen gotteß übergeben". An de Paschtouer huet festgestallt, datt "die Kalber thun hie in der weyd oder grom selten gutt". 

Fir hiert Véi ze hidden, hu se Hiirden engagéiert. E Schéifer - fir 120 Schof - op d'Joer, e Schwéngshiirt just nëmme virum Wanter. De Summer duerch huet hien d'Päerd gehidd. Dem Schéifer an dem Hiirt hun d'Bauere fir Chrëschtdag de Loun ginn: Käeren an Huewer; an d'Joer iwwer hu se hinnen hir Felder matbestallt an hir Käere mat erageholl. Gewunnt hun Hiirt a Schéifer an engem Haus, dat ee vu de Kaundrefer Paschtéier fir si am 17. Jorhonnert baue gelooss hat.

Eng Bréck iwert d'Sauer ass fir eis haut eng Selbstverständlechkeet, ee mat der Natur verwuessenen Deel vun der Landschaft. Deemools awer net: "1721 hat der Müller von Liefrig zum ersten angefangen mit dem Nachen oder einem kleinen schiff über die Sauer. Vor dieser Zeit musste der Pfarrer (a ganz bestëmmt net nëmmen hien) um ans anderer Ufer zu gelangen, zuerst nach Insenborn gehen, dort mussten die Einwohner ein Pferd uff die Sauer bringen um ihn rüber zu bringen. Der Küster musste ein Pferd besitzen und mit dem Pferd den Priester abholen ..."

An zum Schluss - well den Text ass aussergewéinlech räich un Anekdoten a Geschichten - nach iwwert Béierbrauen, deemools, viru 1736: "der alte Kessel war aus Stein, der neue (no 1736) ist aus Holz gemacht worden veilen viele sagen dass Holz were besser ...". An dat huet - wéi villes aus der Chronik méi mat dem Liewe baussent der Kierch wéi bannent der Kierch ze dinn...

 

Cauchendorff - Kaunerëf. 250 Joër Poorkiirch am Duerf. Organisatiounskomitee Kaunerëfer Kiirch 1750-2000. Lëtzebuerg 2000, 464 S.

 

 

 

Annik Châtellier-Schon
© 2023 d’Lëtzebuerger Land