Laang Zäit hat d’Connie säin Numm verluer – dat, well eppes virgefall ass, wat seng Identitéit, säi Wiesen, säi Selbstgefill verschwanne gedoen huet. Wärend där Zäitspan war hatt d’Ouninumm – een Teenager, deen nëmmen esou hallef do war, an der Schoul keng Frënn hat, sech heemlech geritzt huet a weder schlecht nach gutt Nummere krut, well souwuel gutt wéi schlecht Notten opfalen. Eng Randexistenz, ee Schiet – fir déi meescht Erwuessener, dorënner och dem Connie seng Mamm, also ee ganz normalen Teenie, well et méi liicht ass, sech mat iwwerflächlechen Andréck zefridden ze stellen, besonnesch, wann déi et engem erlaben, deem ellene Gefill, dass mam Connie eppes net stëmmt, aus dem Wee ze goen – de Mënsch ass eben e grousse Meeschter vun der Verdrängung.
Dem Connie säi quasi eenzegen Interessi huet laang Zäit dem méi jonken Nopeschmeedche gegollt – een Nopeschmeedchen, dat kuerz virum Ufank vum Roman säin Doheem verléisst, well dem Chloé seng Elteren op Paräis plënneren. Zum Connie senger grousser Erliichterung hunn d’Marielle an den Yves, déi nei Noperen, eng Duechter an änlechem Alter, esoudass d’Connie sech weiderhi kann duerch den net gefléckten Drot verfuussen, fir am Nopeschgaart mam klenge Mia ze spillen.
An der iwwerdriwwener Erliichterung, dass dem Connie een anert Meedchen dohi gesat gëtt, mat deem hatt seng Zäit ka verdreiwen, deit sech eng vun de méi subtille Facette vum Jhemp Hoscheit sengem Roman Ouninumm un – eng Fiktioun iwwert sexuellen Abus vun engem Papp u senger Duechter, geschriwwen aus der Perspektiv vum Affer: Et ass relativ séier kloer, dass d’Connie an eng Welt vum Spill flüchte wëll, well et virun der Welt vun den Erwuessene fortleeft fir dat, wat virgefall ass a woufir et weder Wierder nach Gedanke fënnt, ze verdrängen.
Esou stellt dat jonkt Mia fir hatt eng Méiglechkeet duer, de sexuellen Iwwergrëff, deen et erlieft huet, quasi spilles opzeschaffen – awer an engem Spill ouni Spaass, engem Spill, dat doudeescht ass. Een traumatescht Erliefnis kennzeechent sech ënnert anerem doduerch, dass d’Affer et ëmmer an ëmmer nees er- an duerchlieft, et pathologesch nostellt, wouwéinst d’Fiktioun eng wiesentlech, wann och net ëmmer ganz glécklech Roll am Op- a Verschaffe vum Erliefte ka spillen.
A sengem Essai Jeu et réalité erkläert den Donald Winnicott, dass d’Aktivitéit vum Spill fir Kanner eng Tëschefläch, en espace intermédiaire duerstelle kann. Ee Bëbee kann net tëschent Bannen- an Aussewelt ënnerscheeden, dofir bierelt en, wann d’Baussewelt de Besoine vu senger Bannewelt net entsprécht. An der Welt vum Spill kann d’Kand senge Pulsioune weiderhi fräie Laf loossen, ouni d’Konsequenze vun der Realitéit mussen ze spieren – et brauch awer een Erwuessenen, deen him matdeelt, wou d’Grenzen tëschent Fiktioun a Realitéit verlafen.
Beim Connie kënnen d’Elteren déi Roll net assuméieren: D’Mamm ass iwwerfuerdert, an de Papp huet sech um Meedche vergraff, ass deemno de Grond, wisou dem Connie säi Liewen, seng Wierklechkeets- a Realitéitsopfaassung op der Kopp stinn. Well et kee Gespréichspartner huet, well et net iwwert dat, wat passéiert ass, schwätze kann, versicht et sech mathëllef vun deem, wat et „Hannergedanken“ nennt, auszedrécken – esou zum Beispill, wann et enger Popp een déckt Hoerband ronderëm den Intimberäich wéckelt, fir si ze protegéieren. Signifikanterweis muss et zu engem aneren Accident, deen e Plüschdéier implizéiert, kommen, bis sech de Knuet ufänkt, ze léisen. En Zoufall ass et wuel och net, am Hoscheit sengem intelligent konstruéierte Roman, dass dat fataalt Plüschdéier, den Hoppsi, ausgerechent ee Kaweechelchen ass – a Kaweechelcher genee esou wéineg wëssen, wou se hiert Fudder verbuddelen, wéi d’Connie laang Zäit, wou seng verlueren Erënnerunge sech verstoppt hunn.
„Ech mengen, datt e Mënsch seng Erënnerung ni ganz lassgëtt. Wann een nämlech mengt, si wär fort, ass se schonn nees do. Si kënnt ouni sech unzemellen. Si freet net, ob se däerf oder net. Et gëtt lues a séier Erënnerungen. Si hu keng Stëmm an awer melle si sech zu Wuert. [...] All spille se gär Verstoppches. Et gëtt der, déi kommen eraus, och wa kee s’entdeckt hat. Verschiddener komme fir d’éischt just e bësse luussen, ier se sech ganz weise kommen. Et gëtt der och, déi wëlle fir ëmmer an hirer Stopp bleiwen.“
All dat kondenséiert de Jhemp Hoscheit op eng geschéckt Manéier an den éischte Kapitele vu sengem Roman, deen um Ufank e bësse wéi ee Pësel wierkt, deen sech no an no zesummesetzt: Den Auteur wiesselt tëschent homodiegetesche Kapitelen, déi dem Connie seng Sëtzunge bei der Madamm Wallmer, der Therapeutin, erzielen, an heterodiegetesche Passagen, déi domat ufänken, dass d’Connie bei dat neit Nopeschkand spille geet a sech bis eppes nom Moment, wou sech d’Justiz aschalt an de Papp wéinst sexuellem Mëssbrauch ugesicht gëtt, erstrecken.
Och dat ass clever geléist, weist den Auteur dach, wéi d’Connie lues a lues vun enger duerch an duerch fragmentéierter Opfaassung vun Zäit, Vergaangenheet a vu sech selwer hin zu enger Erzielung fënnt, an där hatt sech erëmfanne kann – vun den endlose Spiralen, déi et op Blieder krozelt, bis se op eemol just nach eng schwaarz Knujel sinn, hin zu engem Krees, deen zwar wuel weist, dass een den Trauma ni ganz verloossen, dofir awer domat liewe léiere kann.
Intelligent ass et grad dowéinst, dass déi vergaangen Erzielung heterodiegetesch ass – d’Connie (er)kennt sech zu där Zäit selwer net, schwätzt also vu sech selwer an der drëtter Persoun – an den therapeutesche Präsens homodiegetesch – mathëllef vun der Therapie fënnt et zu enger neier Notioun vu sech selwer a muss net méi op d’Accessoire vun der Spillwelt zeréckgräifen, fir ze verstoen, wat him passéiert ass an dass „säi Kierper him gehéiert“ – och wann déi Accessoiren duerchaus vu Relevanz sinn, an den therapeutesche Seancen.
Genee do stousst een op d’Limitte vum Roman: Nieft enger Sprooch, déi ëmmer dann negativ opfält, wa se sech poeetesch wëll ginn („D’Heemelsprooch ass eng wonnerbar Sprooch. Eng Wonnersprooch“) an Dialogen, déi e bësse gestelzt sinn, nieft enger Tendenz zum Kitsch, an där een eng gewëssen Onbestëmmtheet erausliest, u wien sech d’Buch adresséiert (ass et ee Jugendroman, dat iwwer sexuelle Mëssbrauch opkläre wëll oder eng Fiktioun fir Erwuessener iwwert Kanner a Mëssbrauch?), ass et virun allem de Verlaf vun den therapeutesche Sëtzungen, dee vill ze glat ass.
Esou wierkt et plazeweis e bëssen, wéi wann een hei eng Zort Broschür am Kader vun enger ministerieller Campagne fir d’Handelen am Fall vu sexuellem Mëssbrauch géif liesen. D’Therapeutin ass genial, d’Police weist Versteesdemech, jiddwereen ass esou empathesch an delikat, ewéi d’Elteren et net sinn. Virun allem klappt quasi all therapeuteschen Usaz direkt – d’Connie versteet, wisou et Bléck muss openee setzen, et begräift d’Metapher vun dem Selbstopbau an applizéiert se ouni ze zécken, et gesäit direkt den Notze vun de Poppen a Plüschdéieren am Kader vum Opschaffe vum Traumata, jee, alles leeft esou, ewéi wann d’Connie selwer zum Dummy, zum Accessoire vun enger Beweisféierung géif ginn, déi just wéilt berouegen, wéi effikass hei am Land Fäll vu Mëssbrauch opgefaange ginn. „Schwätzen ass de Schlëssel“, seet d’Madamm Wallmer, an et wierkt, wéi wann den Auteur eis wéilt soen, et géif duergoen, de Bak op der richteger Platz opzerappen, fir dass alles nees méi oder wéineger an d’Rei geet. Wann alles nëmmen esou einfach wier, hat een anere Lëtzebuerger Auteur säi Roman betitelt.
Dat ass alles wuel net onnéideg, fir dem Connie säi Wee aus der Schwäerzt an d’Luucht net zu enger ze miserabilistescher Affaire ze maachen an e bëssen Hoffnung ze spenden, ma e bësse méi Resistenz, e puer méi Accidenter an e puer manner emotional Ofkierzunge wieren noutwenneg gewiescht. Wéi d’Connie gefrot gëtt, wien den Dag vu sengem Iwwergrëff an der Futtballweltmeeschterschaft gewonnen hätt an hatt destabiliséiert ass a freet, ob d’Nenne vun engem falsche Resultat dann och de Rescht vu senger Erzielung onglafwierdeg gemaach hätt, freet een sech, wisou d’Meedchen net méi oft struewelt, hannerfreet, a wisou och den Auteur quasi eent zu eent den therapeutesche Wee nozeechent, ouni seng Mechanismen ze hannerfroen: Wat ass mat all deenen, déi no esou engem Virfall d’Luucht net fannen, well déi dach relativ grouss Ficelle vun der therapeutescher Aarbecht net funktionéieren an et Leit gëtt, déi d’Teleologie vun der Froestellung duerchkucken?
Am Verglach dozou ass den Hal aus dem David Foster Wallace sengem Infinite Jest, deen seng Zäit domat verbréngt, den Therapeute genee dat ze zerwéieren, wat se sech erwaarden, eng méi interessant Figur, well een hei net den Androck erhält, si misst duerhalen, fir am Kader vun engem Fallbeispill ze weisen, wéi eis Gesellschaft Fäll vu Mëssbrauch traitéiert. Dat ass zwar vläicht gutt gemengt, ma den ënnerschwellegen Discours bleift problematesch, well dem Hoscheit säi Roman vum Thema bei seng Figuren, an net vun de Figure bei säin Thema geet. Esou fënnt dann och all Niewefigur hir Platz um Schachbriet vun engem sozialen Drama, dee plazeweis ze vill als pars pro toto ugeluecht ass. Dat ass ëmsou méi schued, well den Hoscheit mam Connie u sech eng Figur geschaf huet, där hiert Schicksal och ouni dee ganze pädagogesche Bagage touchéiert hätt.