MP5 – Heckler und Koch, huet de Polizist mer geäntwert. An ech hu mech gewonnert, datt hien iwwerhaapt geäntwert hat an dann och nach esou prezis. Ech hat hie gefrot, wat hien dann do hätt, deen décke Klabes, dee viru sengem Bauch houng. Eng MP5 also. Eng Maschinnepistoul. E schwéier arméierte Polizist. Matzen an Hamburg, am Unis-Quartier.
Ech war séier kontrolléiert ginn, ganz séier. Ech hat fotograféiert. Well an der Strooss Grindelhof do huet et an der Hierscht-Sonn iwwerall um Trottoir geglënnert. Ech wosst zwar, datt ech do am fréiere jüddesche Quartier ënnerwee wier, mä op déi vill, ganz vill Stolpersteine war ech awer net gefaasst. Viru bal jidder Haus leien e puer där Steng, iwwer déi een trëlle soll. Auschwitz ass d’Wuert, wat dacks do steet, an och Minsk, wou d’Judden hin deportéiert gi sinn. An d’Nimm vu ganze Famillje stinn op de Steng, heiansdo siwen oder aacht Nimm. Ech hunn der e puer fotograféiert. A wéi ech dunn och d’Fassad vun der Talmud und Toraschule (1911-1939) fotograféiert hunn, du stoung e Polizist nieft mer a frot, wat ech dann do géif maachen a wien ech da wier. An ech sollt emol matkommen, e puer Schrack méi weit. Do steet eng Zort Baubud, e Container, dräi Meter op dräi, wäiss, Fënsteren no alle Säiten, do sëtzen ëmmer zwee Polizisten dran a versichen alles am Bléck ze hunn, wat sech ëm d’Schoul deet. A si froten no menge Pabeieren, fir wien ech schaffe géif, mat wéi engem Apparat ech do knipse géif, nawell e staarken Telé, nicht wahr, nee sot ech, éischter e Wäitwénkel, dat hunn se mer net gegleeft. A wéi sech dunn alles berouegt hat, soten se, et wieren opgereegt Zäiten den Ament. Wéini wier en Auto hei laanscht gefuer. Aus dem eraus wier mat Handye geknipst ginn, dat hätt d’Security an der Schoul op de Biller vun hiren Iwwerwaachungs-Kamerae gesinn an du wier awer eng lass gewiescht am Quartier, zeg extra Police-Kontrolle, kee Resultat. Ech géif bei d’Archeologe goen? Ma jo dann, bis herno, ne.
De Chef-Chantier vun den Archeologen op der fréierer Synagoge-Platz ass de Kay-Peter Suchowa. Si kontrolléieren ëmmer esou streng, seet hie mer, och hien géife si penibel iwwerpréiwen.
Déi Hamburger Synagog soll erëm opgebaut ginn. An der Reichsprogrom-Nacht – genee viru 85 Joer – haten d’Nazien d’Synagog geschënnt a versicht, se ze verbrennen. D’Maueren si stoe bliwwen, well et e grousst, massiivt Gebai war, 1904 gebaut, Neo-Romanik, Plaz fir 1 200 Gleeweger. 1939 gouf déi jüddesch Communautéit gezwongen, op hier eege Käschten hier Synagog definitiv ofzerappen. Op der Surface war duerno alles verschwonnen, d’Archeologe wëssen awer, datt ënner der grousser Synagoge-Plaz – dat war jorelaang eng vulgär Parkplaz – datt do nach d’Kellere sinn. Si hu véier Coupe gemaach, Sondagen, fir ze kucke wat nach am Buedem ass, dräi mol fënnef Meter grouss Lächer, 2,50 Meter déif ebe bis op de Kellerbuedem vun der Synagog. A si hu Brandspure font,, Trapen, geblimmelt Plättercher um Buedem vun de Kelleren, Gründerzeit, Jugendstil, an och Reschter vu Sailen: e florale Kapitell an déi eigentlech Sail, annerhallwe Meter laang, déi nach am Buedem stécht. Schuttschicht vom Abbruch.
Wat hie falsch ageschat hat, seet den Archeolog, dat wier den emotionale Wäert vun de Saachen, déi si fannen – ganz vill faarweg Schierbele vu Fënsterglas, déi geschmolze Bläikadere vun de Fënsteren, rout Mauerreschter aus Sandsteen, dreckeg vum Rouscht aus der Progromnuecht, alles an d’Kellere getippt. An och d’Reschter vun der Mikwe, vun de rituelle Bieder. Déi hunn se ënner engem Bam ausgegruewen, de Bam an d’Wuerzele vum Bam hunn se stoe gelooss, mä de Bam huet sech gewiert an huet gestonk. Dat maachen d’Beem, wann se vun Insekten attackéiert ginn, seet de Fachmann, an duerfir hunn si d’Wuerzele mat wäissem Jutestoff bandagéiert. Dat hätt hie ganz besonnesch beréiert, déi Wuerzelen, well hie kéim selwer aus enger Famill, wou d’Grousselteren Zwangsaarbechter waren an am KZ an duerno am Displaced-Persons-Lager, an hie wier Archeolog ginn, aus dem Reflex eraus, Wuerzelen erëmzefannen, fir sech a fir aner Leit. Vill Frënn géifen him soen, d’Nazi-Zäit, déi wier dach weit ewech; hie géif dann äntweren, dat kéint een nëmme soen, wann een näischt verluer hätt, wann een seng Wuerzele kenne géif. Bei him wier dat anescht, hie misst wullen a sichen. An elo kéimen dacks jüddesch Leit bei hien op de Chantier a géife kräischen, hien an den Aarm huelen a Merci soen, well hien de Passé vun hirer Famill erëm géif sichtbar, begehbar maachen, jemand hat mir erzählt, dass seine Großmutter den Vorhang für den Tora-Schrein genäht hatte. Mä elo mat deem Krich hätten d’Leit Angscht an et kéimen der ëmmer manner. Hien weist mer faarweg Schierbele vun de Fënsteren an och eng butzeg blo a wäisst Stéck Keramik: op deem gesäit een en Ielebou a Lieder-Rimmer, et ass eng Schierbel, déi un dat reliéist Tefillin-Ritual erënnert. Vun deem ech nach ni héieren hat. Et wier bis ewell deen eenzege reliéis-rituelle Rescht, deen si fonnt hätten.
Nom Gespréich mam Archeolog ginn ech erëm vis-à-vis bei d’Polizisten, eng nei Observatiounséquipe, a soen hinnen, ech géif elo duerch de Quartier goen a weider fotograféieren. An der Rei, soen si, ech soll op mech oppassen, et wieren nervös Zäiten. Ob ech dervun héieren hätt: zu Blankenese wieren an engem Lycée Proffe mat Revolvere menacéiert ginn, großer Polizeieinsatz. An da leeft am Kapp e ganze Film. Mä et stellt sech eraus, datt do Kanner mat Spill-Revolveren hantéiert haten.