Dies irae

Titanic zu Miedernach

d'Lëtzebuerger Land du 11.01.2001

Wéi d'Affär ausgeet, dat ass - wéi am Titanic-Film - vun Ufank u gewosst. Nawell kënnt keng richteg Spannung op. Dat kléngt no Paradox, ass awer keen a läit gewëss net un der Geschicht selwer. Déi ass, als dramaturgesche Fong geholl, zwar net grad futschnei, mä si bitt e formidablen Ausgaangspunkt fir eng künstleresch Ëmsetzung. Fir e Schreiwer, e Komponist, e Regisseur, deen se mat sénge Mëttelen nach eng Kéier verzielt.

Dies Irae, eng Koproduktioun vum Théâtre national du Luxembourg mat der Escher Kulturfabrik, ass d'Geschicht vum Mathes vu Miedernach, dem leschte Lëtzebuerger, deen an der Feudalzäit opgehaang gouf. Mär schreiwen d'Joer 1793. De Mathes huet Sue geklaut, gouf gepëtzt a veruerteelt. Elo sëtzt en an séngem Prisongstuerm a waart op de Strack. Sou verbréngt en säi leschten Owend, séng lescht Nuecht. Amplaz d'Läppen hänken ze loossen, ergräift den einfachen, ongehuwwelten Doléiner d'Wuert. Fir sech selwer, an domatt och dem Nokuckert, lescht Gewëssheet iwwert säi Liewen an séng Dot ze verschafen. Fir séng ganz Angscht an séng Verzweiwelung, séng onendlech Péng an séng Roserei erauszekatzen, ier um Enn vum Wee de Gaalge waart. Watfir eng Geleënheet! 

Mä firwat loossen den Text vum Michel Grevis, d'Musek vum Michel Zeches, d'Inszenéierung vum Jacqueline Posing-Van Dyck hiert Publikum nawell kal, onberouert? Firwat huet een um Schluss dat glungent Gefill, esou mann gewuer ginn ze sinn? Net nëmmen iwwert d'gesellschaftlech Ëmstänn vum Mathes sénger tragescher Existenz. Mä an der Haaptsaach och iwwer dat, wat an him selwer, an séngem gepéngechte Kierper, séngem verwuerelte Kapp geschitt? Jüst e puer Grimmele kritt een dohinner gehäit a bleift op séngem Honger sëtzen.

Wéi d'Auteure soen, wëllt Dies Irae keen historescht Stéck sinn. Dat ass eng Decisioun, déi een akzeptéiere muss. Mä ass et eleng dowéinst e modernt Stéck, well eng kuerz Filmsequenz agespillt gëtt, e Gedrénksautomat an e puer Colasbéchsen eng Roll spillen? D'Sprooch wëllt, wéi de Michel Grevis am Programmheft betount, op kee Fall op den authentesche Vokabulär vun deemools zréckgräifen. Mä entschëllegt dat, datt amplaz vun der ugestriefter „poetescher Metaphorik" vill ze dacks jüst geblimmelegt Wierderblosen aus dem Mond vun engem Personnage kommen, deem een dëse lyresche Jargon beim beschte Wëllen net ofhëlt?

Méi konsequent ass op jidde Fall dem Michel Zeches séng zäitgenössesch Musek. Mä och hir geléngt et net, dem Stéck de richtege Rhythmus ze ginn, eng Atmosphär z'entwéckelen, déi aus dem Zesummespill vu Sprooch, Téin a visuellen Elementer e Ganzt maachen. Bleift de Marco Lorenzini an der Roll vum traktéierten a verstéierte Mathes. Ronn 80 Minutten dauert säi Monolog op, iwwert an nieft enger stole Plack, déi vum Plafong hänkt. En Optrëtt mat etlechen intensive Momenter an awer och enger Rei vun Onsécherheeten, wou den Akteur - op d'manst op der Première - laanscht de richtegen Toun geréit, wou en a geschrauften Textpassagen de Fuedem verléiert oder ganz einfach net op den nächste Saz kënnt. Gutt, dat ka passéieren. Méi batter ass et, wann ee spiert, datt de Schauspiller sech an der Haut vum Sozialromantiker deplazéiert an als Verleënheetspoet net gutt fillt, „während" e sech mat engem verbaaschterte Lëtzebuerger Däitsch erëmklappe muss.

An 't soll elo kee kommen a behaapten, dat wäer esou gewollt. Well de Mathes aus dem „Hunsrück" koum an am Fong kee Stacklëtzebuerger war, deen zu Miedernach - am Géigesaz zu der Titanic - komplett onspektakulär ënnergoung.

Virstellungen den 12., 13., 14., 16., 17. an 18. Januar 2001um 20 Auer an der Kulturfabrik zu Esch/Uelzecht; Reservatioun: Tel. 55 88 26, vun 12 bis 18 Auer 

Georges Hausemer
© 2023 d’Lëtzebuerger Land